Ëmverdeelung ass Kärstéck vun der Reform

D’Idee fir d’Gemengefinanzen ze reforméieren ass net nei. Ma elo sollen Neel mat Käpp gemat ginn, sou den Inneminister Jean-Marie Halsdorf. Dofir huet hien am Conseil supérieur des finances communales éischt Iddie fir dës wichteg Reform op den Dësch geluecht.
Kärstéck vun där Reform soll d’Ëmverdeelung vun der Gewerbesteier sinn. Beim Impôt commercial ginn et nämlech grouss Ënnerscheeder.
Am Duerchschnëtt kréien d’Gemenge ronn 2.500 Euro pro Awunner, allerdéngs gëtt et der, déi iwwer 3.000 Euro kréien an et gëtt der, déi ënner 1.500 leien. Dat suergt fir Onzefriddenheet an do wëll de Jean-Marie Halsdorf ebe fir méi Gerechtegkeet suergen.
An den nächste Woche gi Modeller opgestallt an ausgerechent.
En interessanten Interview mam Minister Halsdorf fannt Dir an der Méindeseditioun vum Le Quotidien oder ënnert dësem Link:

http://bit.ly/W1vWTH