Breeden Debat

De Justizminister François Biltgen plädéiert fir Reformen am Justizwiesen. Hien proposéiert dofir ee breeden Debat iwwert e „Conseil national de la justice“ an iwwert eng  „Cour suprême ».

De „Conseil national de la justice“ soll dem drëtte Pouvoir am Staat méi Autonomie a Verantwortung ginn. Dëse Conseil  soll zum Beispill och fir déi Bierger do sinn, di sech iwwert juristesch Prozedure bekloen.

Mat der „Cour suprême“ soll d’Hierarchie an der Justiz méi straff ginn. Dës Cour ass als Kassatiounsgericht zoustänneg.

Méi Detailer op www.mj.public.lu