Récktrëtt vum Poopst

D’Decisioun vum Poopst verdéngt an den Ae vun der Regierung héchste Respekt. Dat sot de Premier Jean-Claude Juncker am Interview mam Radio DNR.

Dass de Benoît de 16. matgedeelt huet, seng Kraaft géif net duergoe fir seng Aufgab weider ze erfëllen, géif weisen, dass hien ee Mënsch ass, den seng Grenze kennt. Säi Schratt géif dofir Respekt a Bewonnerung verdéngen, sou de Premier.