Merci fir de Jean-Claude Juncker

D’Finanzminister aus der Eurozone soen hirem laangjärege Chef haut offiziell Merci. Um Bord vun der Reunioun vum Eurogrupp zu Bréissel gëtt et zu Éiere vum Jean-Claude Juncker een Owendiessen.

Haut ass et di éischte Kéier, datt d’Euro-Länner ënnert hirem neie Chef Jeroen Dijsselbloem zesumme sinn. Wichtege Punkt op der Dagesuerdnung ass d’Situatioun vun Zypern.

Lëtzebuerg gëtt haut am Eurogrupp a muer am Conseil Ecofin vum Finanzminister Luc Frieden vertrueden.