„Hei ass jidderee wëllkomm“

Jidderee soll d’Méiglechkeet hunn vun enger touristescher Offer ze profitéieren. Fir op Attraktiounen a Plazen opmierksam ze maachen, di besonnesch gudd accessibel sinn, gëtt et zënter 2010 hei zu Lëtzebuerg de Label „EureWelcome“.

Enn vun der leschter Woch huet déi fir Tourismus a Mëttelstand zoustänneg Ministesch Françoise Hetto-Gaasch zesumme mat Info-Handicap dee Label 12 mol verdeelt. Et si Campinger, Restaurant’en, Hoteller a kulturell Ariichtungen. Am ganze gëtt et de Label „EuroWelcome“ elo 71 mol hei am Land.

De Message, deen domadder verbonnen ass, ass einfach: „Hei ass jidderee wëllkomm“. D’Françoise Hetto-Gaasch betount, datt et e Label ass, deen et Mënsche mat spezifesche Besoin’en erméiglecht, hir Vakanz- a Fräizäitaktivitéite besser ze plangen.

Méi Informatioune ginn et op www.welcome.lu