Staatsfinanzen 2012

« Mir wëllen eis weider ëm den Ofbau vum Defizit beméien“, sot de Finanzminister Luc Frieden ewéi e gëschter d’Entwécklung vun de Staatsfinanze vun 2012 presentéiert huet.

Als gudd Noriicht kann ee soen, datt d’Situatioun beim Budgetsprojet fir 2012 richteg ageschat gouf an dat Spuermesuren hir Friichte gedroen hunn.  Di negativ Spiral konnt gebremst ginn an d’Staatsfinanze lafen net aus dem Rudder.

Et bleift bei engem Defizit, deen ënnert dem Stréch wäert tëscht 1,2 bis 1,5 Milliarden Euro leien. An dat heescht, dat weider Effort’en gemat musse ginn, fir d’Staatsfinanzen an de Grëff ze kréien.

Den definitive Bilan vun de Staatsfinanze wäert de Luc Frieden am Fréijoer bekannt ginn.