Mobilitéit tëscht Wallonie a Lëtzebuerg

Tëscht der Wallonie a Lëtzebuerg ginn et vill an enk Kontakter. Eng besser Mobilitéit ass do net vu Muttwëll. An där Optik hunn de Claude Wiseler, Minister fir nohalteg Entwécklung an Infrastrukturen, a säin Homologue aus der Wallonie, dePhilippe Henry, gëschter een Accord ënnerschriwwen. Ziel ass et , fir d’Mobilitéit tëscht der Belsch a Lëtzebuerg  besser un d’Besoin’en vun de Mënschen unzepassen.