Staat hëlleft beim Loyer

Leit, déi hei am Land de Mount méi ewéi 33% vun hirem Revenu fir de Loyer ausgi mussen, kennen elo an de Genoss vun enger Loyershëllef kommen.

Di „Subvention de loyer“ gouf leschte Freideg am Conseil de Gouvernement guttgeheescht. Gëschter huet dee fir Wunnengsbau zoustännege Minister Marco Schank di Hëllef presentéiert. Ween huet di Ënnerstëtzung elo zegutt?

Dat hänkt vun enger Rei Sachen of. Leit, di alleng wunnen, duerfen zum Beispill net méi ewéi 1727 Euro verdéngen. Bei enger Koppel leit de Plafong bei 2591 Euro. Fir eng Famill mat engem Kand leit d’Grenz bei 3109 Euro an dat geet da bis zu 5700 Euro fir eng Famill mat 6 Kanner.

D’Héicht vun der „Subvention de loyer“ beweegt sech tëscht 70 Euro (Leit, di alleng wunnen) bis 221 Euro (Famill mat 6 Kanner).

Eng 12000 Leit zu Lëtzebuerg, sou gëtt am Wunnengsbauministère geschaat, kéinten fir di Subventioun a Fro kommen.