Nei Offer am Tourismus

Den Aktivtourismus ass eng vun de Prioritéite vum Tourismusministère. D’Land huet eng Hellewull un Infrastrukturen an dat an enger flotter Natur. Dat sot d’Françoise Hetto-Gaasch, Ministesch fir Tourismus, gëschter op enger Pressekonferenz op där de neie „Guichet cartographique touristique“  virgestallt gouf. Online kann een do ënnert anerem Wander- a Veloswéer fannen.

 

Méi Detailer fannt Dir op: http://bit.ly/UPqGyz