Gudd Nouvellë fir d’Automobilisten

Nach am Laf vun dësem Joer soll et méiglech sinn, d‘ technesch Kontroll vum Auto och an engem Garage maachen ze loossen.

Dat sot den zoustännege Minister Claude Wiseler gëschter Owend am Kader vun der Pressekonferenz fir den Autofestival 2013.

Fir de Kontroll vum Auto gëtt et a noer Zukunft also eng Alternativ zu Sandweiler, Esch-Uelzecht a Wëlwerwolz.

Donieft huet de Minister annoncéiert, datt ënnert anerem och d’Kontroll bei der Immatrikulatioun vun engem neien Auto ewechfält.