Heure d’actualité sur le gaz de schiste

Här President, Dir Dammen an dir Hären,

Mir liewen an enger Zäit vun Ëmbroch. Dësen Ëmbroch betrëfft och eis Energiepolitik. Mir probéiere fir ëmmer méi a Richtung vun erneierbaren Energien ze goen, mee dat kascht Suen. Vill Sue ginn an d’Entwécklung vun den erneierbaren Energië gestach, an dës Käschte ginn dann op d’Konsumente weider geleet. D’Resultat ass, datt ëmmer méi Privatleit Schwieregkeeten hunn, fir hier Energierechnung zu bezuelen.

Do kléngt d’Diskussion iwer de Schiefergas fir munch een, wéi d’Rettung aus dëser Situatioun. Mee grad an dëser Diskussiou ginn d’Meenungen weit auserneen.

Fir verschidde Leit ass de Schiefergas déi Léisung, fir eis onofhängeg ze machen vun den aktuellen fossilen an atomaren Energiequellen. Zu dëse Leit gehéiert ënner aanerem den europäeschen Energiekommisär.

Fir aaner Leit ass d’Gewannung vu Schiefergas éischter problematesch aus ëmwelttechnësche Grënn. Den europäeschen Ëmweltkommisär vertrëtt och dës Meenung.

Mee wéi gesäit et hei zu Lëtzebuerg iwerhapt aus a punkto Schiefergas?

Hu mir Potenzial oder net?

A wa jo, wou leit de Schiefergas?

Ass en einfach ze gewannen oder net?

An de 50er an an den 90er Joren goufen verschidde geologesch Etuden hei zu Lëtzebuerg gemeet. Laut dësen Etude gëtt et e 50 Meter décke Tounsteen dee vu Péiténg bis Beetebuerg geet. Déi ënnescht 10 Meter bestinn aus Uelegschiefer aus deem kéint Schiefergas gewonne ginn.

Mat den aktuellen Techniken gëtt Waasser mat Sand a chemesche Substanze gemëscht a mat héijem Drock an de Buedem gepresst. Doduerch gëtt de Steen ënnerierdesch opgebrach. Duerno ginn d’Waassermëschung an de Gas ofgepompelt. Dat ganzt geschitt ënnerierdesch an eng natierlech geologesch Barrière aus Gesteen verhënnert dass Chemikalien oder Gas un d’Uewerfläch kommen. Dës Technik dréit den Numm “Fracking”.

Elo ass et awer esou, dass zu Lëtzebuerg déi natierlech Barrière aus Gesteen net no do ass an doduercher d’Methode vum Fracking net kann ugewandt ginn.

Et muss een nämlech wëssen, dass d’chemësch Substanzen déi benotzt ginn fir an de Buedem ze pressen toxesch a kriebserregend sinn. D’Géigend tëschent Péiténg a Beetebuerg ass déck bewunnt an als CSV Fraktioun wëlle mir de Risiko vu gesondheetleche Schied an Ëmweltschied net agoen.

Och wann aaner Länner wéi Amerika massiv Schiefergas ofbauen, esou muss een awer wëssen, dass dëst a Regioune geschitt an deene keng Leit wunnen. Erfahrungswerter weisen, dass d’Konsequenzen vum Ofbau vun Schiefergas op d’Emwelt an d’Bevölkerung alles anescht wéi onbedenklech sinn.

Als CSV Fraktioun sti mir fir eng nohalteg Energiepolitik an dofir ënnerstëtze mir net den Ofbau vum Schiefergas am Minett mat der aktueller Method vum Fracking.