SNCT: Nei Ouvertureszäiten op de Kontrollstatiounen

Fir vill Diskussioun hunn d’Problemer op der Kontrollstatioun déi lescht Deeg gesuergt. De Claude Wiseler huet elo méi laang Ouvertureszäiten annoncéiert.

Fir géint déi katastrofal Zoustänn beim Contrôle Technique unzegoen, huet den Transportminister Claude Wiseler um Mëttwochmëtten eng ganz Partie Mesuren presentéiert. Fir déi eng muss ee neit Gesetz opgesat ginn, déi aner ginn oder si schonn ëmgesat. Ënnert anerem sinn d’Ouvertureszäiten vun de Kontrollstatiounen verlängert ginn, esou de Claude Wiseler. Zu Esch an zu Sandweiler ginn se Moies ëm 7 Auer op, zu Wëlwerwolz schonn ëm hallwer 7.

Déi Leit, déi keen Zertifikat kruten, kënnen elo per Mail oder Fax eng urgent Demande maachen, fir ee Rendezvous. Déi ginn dann prioritär traitéiert, a kréien dee séierst méiglechen Rendez-Vous fir hire Contrôle ze maachen. D’Adressen: Mail: [email protected] oder Fax op der Nummer 3572 – 14 276.

Déi Automobilisten déi dat net maachen, a kee gültegen Zertifikat kënne virweisen, kréien, ewéi et am Gesetz steet, ee Protokoll. Dorunner kann näischt geännert ginn, esou de Minister.

Zu de Mesuren, déi direkt ëmgesat soll ginn gehéiert dann och ee gréisseren Asaz vun der mobiler Statioun.

Weider Moossnamen, déi, wann alles gutt geet, Uganks d’nächst Joer duerch ee Gesetz sollen ëmgesat ginn: Den Délai tëscht dem Bréif mam Datum fir de nächste Rendezvous an dem Dag selwer gëtt vun dräi Wochen op 8 Wochen eropgesat. Dat soll méi Flexibilitéit erméiglechen.

Camion’en a Bussen brauchen, wann se kee Lach bei der Kontroll kréien, nëmmen nach all Joers op d’Kontrollstatioun, amplaz all 6 Méint am Moment.

Deen zweeten obligatoresche Rendezvous, also deen no 4 an engem hallwe Joer bei neien Autoen soll ewech falen. Deen éischten, no 3 an engem hallwe Joer an bleift, an deen zweeten Contrôle ass dann dem neie System no no 5,5 Joer an duerno all Joers. Domatter sollen d’Kontrollstatiounen bis op Weideres entlaascht ginn.

De sougenannten „Contrôle de conformité“ soll an Zukunft dann och net méi op deenen „normale“ Pisten gemaach ginn, do soll eng alternativ Léisung fonnt ginn, iwwert déi de Claude Wiseler an de nächste Woche wëll mat de Garagisten schwätzen.

D’Konditiounen dann, zu deene Privatbetriber och kéinte Kontrollen op Autoen maachen, solle redefinéiert ginn.

Quelle: rtl.lu