CSV-Fraktioun Bilans-Pressekonferenz

Geschter huet de Fraktiounspresident Marc Spautz an der Bilans-Pressekonferenz dat vergaangent parlamentarescht Joer Revue passéiere gelooss. Europa- , Wirtschafts-, Aarbechtsmaart-, Schoul- , Wunnengsbau- a Gesellschaftspolitik sinn zur Sproch komm iwwerdeems de Parteipresident Michel Wolter de Volet vun de Finanze beliicht huet. Aner Theme waren de Klima an der Koalitioun an och nach den Dossier Wickreng-Léiweng.