Perspektiv fir déi Jonk

Appel vun der Mëttelstandsministesch Françoise Hetto-Gaasch: Jonk Leit sollen nei Perspektiv kréien, andeems se ee Betrib iwwerhuelen.

An den nächsten 10 Joer mussen der EU-Kommissioun no 30% vun all de Betriber an der EU iwwerholl ginn. Fir Lëtzebuerg bedeit dat, dass eng 8.000 Stéck an den nächste Joren e Repreneur sichen, souwuel am Handwierk, wéi och am Commerce oder am Service. Donieft läit d’Jugendaarbechtslosegkeet den Ament bei 13%. 2 Fakten, déi der Mëttelstandsministesch Suerge maachen. Dofir huet d’Françoise Hetto-Gaasch um Mëttwoch en Opruff gemaach.


Dobäi huet d’Ministesch fir d’éischt betount, dass d’Selbstännegkeet fir jiddereen eng reell Perspektiv fir jonk Leit ass, egal, wat fir een Diplom een huet, an egal wat ee geléiert, oder wou ee geschafft huet. Dofir huet si och erkläert, wat fir eng Konditiounen ee muss erfëllen. Z. B wann een e Commerce wëll iwwerhuelen. Et geet duer, datt een 3 Joer enzwousch geschafft huet. Oder awer een DAP hunn am Commerce. Oder eng Formation accélérée vun der Chambre de Commerce matgemaach ze hunn. Oder een ECG-Diplom oder Uni-Diplom.

Am Horesca sinn et déi selwecht Konditiounen, just dass do nach obligatoresch Coursen dobäi kommen. An der Liewensmëttelsécherheet an an der Hygiène muss ee Coursen huelen. An e puer Stonnen iwwer Droit de l’homme a Protection des mineurs.


Am Handwierk ass et bësselche méi komplizéiert, awer ëmmer nach kee Beebroch. Do gi Betriber nämlech an zwou Lëschten, nämlech A a B agedeelt. Lëscht A sinn déi Betriber, wou ee muss ee Meeschterbréif hunn, oder een equivalenten Unisdiplom, oder nach een Unisdiplom an 2 Joer Beruffserfahrung an der Branche, an där ee wëll schaffen. Lëscht B sinn déi Betriber, wou een DAP oder equivalenten Diplom duergeet.


D’Mëttelstandsministesch huet dann och nach präziséiert wéi ee sech genee kann uleeën. Fir d’éischt kéint een zum Beispill de Betrib just féieren, spéider Parte kafen oder et iwwerhëlt een d’Activa vum Betrib. Am leschte Fall kritt een och vum Ministère finanziell Ënnerstëtzung, wann et mam eegene Kapital net duer geet.


Informéieren iwwert Betriber, déi e Repreneur sichen, kann ee sech entweder an den Zeitungen, op de Banken oder bei den eenzelne Beruffsfederatiounen, de Salons de Rencontre, oder op der Bourse d’Entreprise vun de Beruffskammeren. Generell iwwert déi eenzel Schrëtt an de Finanzement berode loosse kann een sech awer och bei der Chambre des métiers, ënnert der Nummer 42 67 67 251 a bei der Chambre de Commerce um 42 39 39 362.

Source: rtl.lu:
http://news.rtl.lu/news/national/282429.html