Vertrauen!

Politik maachen ass jo u sech soss Näischt aneschters wéi en Optrag vum Wieler erfëllen. De Politiker gëtt vum Vollek gewielt. All puer Joer gëtt de Wieler derzou opgeruff een neien éischte Pouvoir am Land ze bestëmmen. Et ass dëst eng demokratesch Regel, déi gutt a sënnvoll ass.
E puer Gedanke vum Félix Eischen

Politik maachen ass jo u sech soss Näischt aneschters wéi en Optrag vum Wieler erfëllen. De Politiker gëtt vum Vollek gewielt. All puer Joer gëtt de Wieler derzou opgeruff een neien éischte Pouvoir am Land ze bestëmmen. Et ass dëst eng demokratesch Regel, déi gutt a sënnvoll ass.

Elo ass et jo esou, dass de Bierger hei kloer Ufuerderungen u seng Vertrieder stellt. An zwar déi Decisiounen ze huelen a Gesetzer auszeschaffen am Sënn vum Allgemengwuel. Ee Kader ze schafen, wou de Bierger sech ka sécher dra bewegen an d’Land esou opzestellen, dass och déi nächst Generatioun eng Perspektiv huet. Datt et do tëscht de politesche Groupementer zu Ënnerscheeder an der Siicht vun der Saach kënnt, ass dat Normaalst vun der Welt.

Dass et an Zäite vu Reformbedarf dobausse méi hefteg Diskussiounen a Retizenze gi wéi soss, ass och normal, an dass dann net iwwerall an d’Hänn geklappt gëtt.,well awer heiansdo d’Haut méi no ass wéi d’Hiem ass och ze verstoen. D’Vergaangenheet weist eis allerdéngs och, dass dann hei am Land sech zum dacksten de klore Mënscheverstand duerchsetzt, dass sech de Virdeel vun de klenge Weeër an d’Dugend vum “awer matenee kënnen“ sech duerchsetzt an eng Léisung fonnt gëtt.

Dëse Pragmatismus zeechent jo och d’Stäerkt vum Grand-Duche aus an dofir ka Politik zu Lëtzebuerg maachen, jo och eng Passioun sinn.

Wann awer, wéi an der Lescht sech déi ganz Energie just dorëmmer dréint d’Opmierksamkeet op ee méigleche Skandal ze fokusséieren, wa sech méi Froe gestallt ginn, wéini a wou deen éischte Kapp rullt amplaz sech Suergen z.b ëm den héije Jugendchômage ze man oder konstruktiv un enger Pensiouns- oder Schoulreform ze schaffen, dann ass eppes faul “im Staate”.

Et ass sécher méi opreegend an dankbar enger Sensatiounsiwwerschrëft neit Fudder ze gi wéi sech sachlech mat engem Problem ausernanner ze setzen!

Wann eise Staatsminister Jean-Claude Juncker, senges Zeechens deen Ambassadeur fir eis am Ausland, seet dass en sech an Zukunft wäert dräimol iwwerleeë mat weem, dass en sech un den Dësch setzt an d’éischt emol e puer Zeie ronderëm sech bestellt, fir dass och keng Zeil ondokumentéiert bleift, léisst awer déif blécke wéi wäit dass et mam  Vertrauen an de politesche gudde Welle bestallt ass.

Wann d’Angscht vum Politiker virum alldeegleche Sproochgebrauch méi grouss ass ewéi virun der finaler Decisioun, da muss een sech Froe stellen. Huet de Grand-Duché da bis ewell wierklech Ursaach gi vun esou groussem Mësstrauen? Hu mir eise Liewensstandard da nëmmen erreecht, well mir der gedréint hunn? Dat ze mengen ass eng Frechheet vis-à-vis vun deenen, déi all Dag opstinn, schaffe ginn a Steiere bezuelen.

Et ass eng Frechheet vis-à-vis vun all deenen, déi di Visiounen entwéckelt hunn a weider wëllen Idden spannen.

Wann eppes net an der Rei sollt sinn, da soll dat och kloer vun den kompetente Plaze gesot ginn an déi néideg Suitte kréien.

Mee sech virun allem populistesch an eppes festbäissen, wou een dee ganze Werdegang abeemol op d’Kopp stellt an d’Land méi lähmt wéi viru bréngt ass sécher de falsche Wee. Wa mir wëlle weider kommen, an do hu mir méi Schantercher wéi eis léif ass, heescht et konstruktiv matschwätzen, kritiséieren a schaffen, a virun allem och ee Schotz méi Vertrauen an de politesche Choix ze hunn, dee bei de leschte Wahle geholl gouf. Esou falsch kann deen dach net gewiescht sinn.

Félix Eischen