Grünes Licht für den Europäischen Rettungsschirm

Berichterstatter Michel Wolter (CSV): „Den ESM soll dozou bäidroen d’Eurozone als Ganzes ze stabiliséieren.“

Berichterstatter Michel Wolter (CSV): „Den ESM soll dozou bäidroen d’Eurozone als Ganzes ze stabiliséieren.“

In vielen europäischen Parlamenten stand in den letzten Wochen der neue permanente Euro-Rettungsschirm (ESM) im Mittelpunkt der Debatten. Auch „eis Chamber“ befasste sich diese Woche mit der Schaffung des ESM und der damit verbundenen finanziellen Beteiligung Luxemburgs. Der CSV-Abgeordnete Michel Wolter hatte die Aufgabe drei diesbezügliche Gesetzesentwürfe – Abänderung der EU-Verträge, Schaffung des Europäischen Stabilitätsmechanismus und eben luxemburgische Beteiligung – zu begutachten. In seiner gut zwanzig minütigen Rede skizzierte er den historischen Kader:

„Fir Stabilitéit an der Eurozone an an der ganzer Unioun ze garantéieren, hunn déi europäesch Finanzministeren am Kader vun der Reunioun vum Eurogrupp am Mee 2010 decidéiert, een temporären europäesche Rettungsschierm op Been ze stellen, deen aus zwee Elementer besteet: den „Mécanisme européen de stabilisation Financière (MESF)“ mat enger Kapazitéit vu 60 Milliarden Euro an de „Fonds européen de stabilité financière (FESF)“ mat 440 Milliarden Euro. …

Fir der Vertrauenskris an Europa an dem Euro entgéintzewierken an e staark Signal un Finanzwelt ze senden, ass um Conseil européen vum 24. an 25. Juni 2011 decidéiert ginn dësen europäesche Rettungsprabbeli nach eng Kéier massiv ze stäerken a vun 440 op 780 Milliarden Euros opzestocken.

Fir de Moment hunn eng dräi Länner – Irland, Portugal an Griichenland – vum EFSF Gebrauch gemeet … Des Woch hunn och nach Spuenien an Zypern eng Demande beim EFSF gemeet fir hier Banken ze rekapitaliséieren. …

Am Oktober 2010 ass op europäeschen Niveau decidéiert ginn ass, ee permanente Krisemechanismus op Been ze stelle fir d‘Stabilitéit an der Eurozone an an der ganzer Unioun ze garantéieren. Dëse permanenten europäesche Stabilitéitsmechanissem ESM soll déi aktuell temporär Rettungschiermer ersetzen, … ! Den ESM sollt eigentlech am Juli 2013 seng Aarbecht ophuelen. Entretemps, dat heescht am Dezember 2010, ass decidéiert ginn, dass den ESM méi fréi a Kraaft triede soll nämlech am Juli 2012.“

Legal Basis für Stabilitätsmechanismus

Es gilt nunmehr diesem neuen Stabilitätsmechanismus eine legale Basis zu geben, so der CSV-Deputierte, der anschließend im Detail die wesentlichen Inhalte der drei diesbezüglichen Gesetze erklärte: „Éischtens ass den Europäesche Stabilitéitsmechanissem eng international Finanzinstitutioune mat Sëtz zu Lëtzebuerg, gegrënnt vun de 17 Memberstaten aus der Eurozone, déi och alleguerte Member sinn. Ausserdeem kann all Staat, deen a Zukunft an d’Eurozone antrëtt Member vum ESM ginn.

Zilsetzung vum ESM ass et Suen ze mobiliséieren, fir dann déi Länner aus der Eurozone ze ënnerstëtzen, déi mat grousse Finanzproblemer ze kämpfen hunn an extrem Schwieregkeeten empfannen sech op de Kapitalmäert frësch Suen ze besuergen.

Für Michel Wolter sind diese nun möglichen Unterstützungs- und Stabilisierungshilfen eine absolute Notwendigkeit, wohlwissend allerdings, dass diese Unterstützung auf konkreten Kriterien und festgelegten Prozeduren baut, und nur dann zum Tragen kommt, wenn dies als unentbehrlich zu geschehen hat, dies mit dem Blick auf die Stabilität der Eurozone.

Wie Michel Wolter darlegte, entscheiden die Regierungen aus der Eurozone im so gennanten „Conseil des Gouverneurs“ des ESM über eine eventuelle Hilfe erst dann, wenn eine Bewertung der finanziellen Situation des jeweiligen Landes durch die Europäischen Zentralbank, in der Regel in Zusammenarbeit mit dem Internationalen Währungsfonds vorliegt. Des Weiteren stehen eine Prüfung der reellen Gefahr der Finanzstabilität im Euroraum und eine Analyse der Staatsschuld an. In diesem Kontext stellte Michel Wolter klar, „dass ab dem 1. Mäerz 2013 dës Spillregelen nach méi streng ginn, well ab dësem Datum ass d’Erdeele vun enger Finanzhëllef un d‘Ratifizéierung vum sou genannte Fiskalpakt gebonnen, dee jo ënnert anerem d’Aféiere vu Scholdebremse virgesäit. Nemmen déi Länner, déi de Fiskalpaket bis dohinner ratifizéiert hunn, kennen dann nach op d’Hëllef vum ESM hoffen.“

Nicht zum Nulltarif

Für Michel Wolter ist es sehr wesentlich, dass es die Finanzhilfen nicht zum Nulltarif Geben kann. Es sind vielmehr konkrete Gegenleistungen zu erbringen, so u.a. Strukturreformen und  Sparprogramme. Die Entscheidung für eine Finanzhilfe muss des Weiteren vom zuständigen Gremium in der Regel einstimmig erfolgen.

„Den ESM soll ee Stammkapital vun 700 Milliarden Euro kréien. 80 Milliarde vun deene 700 Milliarde fléissen an den ESM fir Bildung vun engem Kapitalstock. Si gi vun de Membere vum ESM a fënnef Tranchë bis Joer 2014 abezuelt. Déi aner 620 Milliarde gëllen als „ofruffbart Kapital“. Et ass daat eng Art stëll Reserven op déi am Bedarfsfall kann zréckgegraff ginn. Dëst Stammkapital vu 700 Milliarden erlaabt et dem ESM Kredithellefen an enger Héicht vu bis zu 500 Milliarden ze gewähren.“,so Michel Wolter, der abschließend den Luxemburger Anteil am ESM erläuterte:

„ … Wievill all Land an den ESM muss abezuelen, hänkt vum Undeel of, den dat Land am Kapital vun der europäescher Zentralbank besetzt. Normalerweis ass eist Land mat 0,2497% um Kapital vun der EZB bedeelegt. Well awer an dësem spezielle Kader Rücksicht op déi nei Euo-Länner Estland, Slowakei, Slowenien, Malta an Zypern geholl gouf, bedeelegt sech Lëtzebuerg mat 0,2504% um Kapital vum ESM. Daat bedeit an Zuelen, dass sech eis Gesamt-Kontributioun am Kapital op 1,7528 Milliarde beleeft.“

Laut Michel Wolter setzt sich diese Summe aus zwei Teilen zusammen: „200 Milliounen Euro mussen abezuelt ginn fir de Kapitalstock vun 80 Milliarden Euro ze bilden. Dat geschitt net an engem Ruck, mä bis 2014 an fënnef Tranchen zu je 40 Milliounen Euro. … Nieft dësen 200 Millioune stelle mir dem ESM dann och nach ofruffbart Kapital an der Héicht vun bësse méi wéi 1,5 Milliarden Euro zur Verfügung. …

Den theoretesche maximalen Engagement vun eisem Land an de Rettungsschiermer ESM an EFSF beleeft sech op déi impressionant Zomm vun 3,7528 Milliarden Euro“, so Michel Wolter zu den finanziellen Engagements. In seiner Analyse ging er auf die wesentlichen Bemerkungen des Staatsrates ein und kam zur nachstehenden Schlussfolgerung.

Im Zeichen europäischer Solidarität

„Mam Asetze vum ESM riichte mir an Europa eng Aart „Brandschutzmauer“ op mat där gehofft gëtt, d‘Vertraue vun den Investoren zeréckgewannen an d‘Situatioun op de Finanzmäert an an der Eurozone ze berouegen. Zudem soll duerch déi onvirstellbar héich Zomm, dei dem ESM zu Verfügung gestallt gett, d‘Gefor méi kleng ginn, dass Finanzéierungsproblemer vun enorm héich verschëlte Länner wéi Griichenland op aner Länner wéi Spuenien an Italien iwwergräifen.

Mir als CSV-Fraktioun soe Jo zum permanente Rettungsschierm als Zeeche vun Europäescher Solidaritéit a sinn der Meenung, dass dëst den eenzege Wee fir Europ ass, fir kuerz- a mëttelfristeg erëm aus der déifster Finanz- a Wirtschaftskris aus de leeschten honnert Joer erauszekommen.“