Nationalfeierdag

Message vum Premierminister Jean-Claude Juncker fir Nationalfeierdag

Dir Dammen an Dir Hären,
Gudden Owend,

Eisen Nationalfeierdag fällt an d’Mëtt vum Joer. Iwwer de Verlaf vun dësem Joer wësse mer schon Muenches, mer hu schon vill gesinn a Villes zesummen erliewt, heiheem an dobaussen. Mee vun deem wat nach op eis duer kënnt, wësse mer nach net alles. Awer mer mussen eis op dat virbereede wat komme kann.

D’Situatioun a Griechenland a ronderëm Griechenland huet sech nach ëmmer net berouegt. Si huet sech zwar no de Wahlen zu Athen entspaant, mee definitiv Entwarnung kann een nach net ginn. D’Gefor datt sech d’Griechenland-Kris op aner Länner vun der Eurozon ausbreet an e kontinentale Flächebrand ausléist ass – trotz intensivster Ustrengungen – nach net endgülteg gebannt. Mee trotz der Komplexitéit déi eis Eurolag auszeechent ass eppes kloer: eis Erspuernisser si sécher, dorop kënnt der iech verloossen.

D’lescht Joer ëm dës Zäit hu mer vill Hoffnunge mam sougenannten arabesche Fréijoer a Verbindung bruecht. An elo? D’Hoffnunge sinn hallef dout, d’demokratesch Entwécklung leeft net ganz riicht, heiandsdo bleift se stiechen, heiandsdo dréit se sech esouguer stéckerchesweis zréck. Dat wat op der anerer Säit vum afro-europäesche Mëttelmier geschitt – besonnesch a Syrien – bleift eng grouss Suerg fir jiddfereen dee global denkt.

Globalt Denken ass och an der Klimapolitik ugesot. Et huet een awer heiandsdo den Androck wéi wann d’international Gemeinschaft hir Klima-Effortë géng no ënnen ofbéien. Mir hunn eis esou an der Bekämpfung vun der Wirtschaftskris verfaang, datt mer d’Gefor lafen, déi Froen déi soss nach vital zukunftsbestëmmend sinn, um Altoer vun eise kuerzfristege Préoccupatiounen ze afferen. De Klimaschutz muss een zréck an den Zentrum vun der Politik huelen. An der Welt an och heiheem. Et geet em d’Liewensméiglechkeeten vun den nächsten Generatiounen.

Heiheem musse mer eis ëm d’Gesondheet vun eise Staatsfinanze bekëmmeren. Ee klengt Land muss sech grouss finanziell a budgetär Problemer esou wait wéi méiglech vum Pelz halen. Dat gëtt mat Konsequenz an Determinatioun an den nächste Méint versicht. Dat kann zu Konflikter mat den organiséierten Interessevertrieder, mat de Sozialpartner féieren. Mee mir mussen dem rigide Strukturkonservatismus, dee mer heiandsdo hunn, innovativen Zukunftsäifer entgéint stellen, dee couragéiert op mar kuckt an net op der Plaz vun haut am Krees trëppelt.

Wa mer wëlle bleiwe wat mer sinn, da musse mer bereed sinn, eis a Moossen ze änneren. Eis änneren heescht net, all nei Moud matzemachen; eis änneren heescht net, dass mer eis total veränneren mussen. Et heescht soss näischt, wéi d’Liewenschancë vun deenen déi no eis kommen am A ze bahelen.

Ee Land, dat ass de gëuerdnete Wiessel vun enger Generatioun zur anerer. An dat wat fir d’Land wouer ass, ass selbstverständlech och wouer fir deen deen un der Spëtzt vum Land steet – de Grand-Duc – an iwwer Hien eraus d’groussherzoglech Famill. Mat Freed hu mer héieren, datt den Ierfgroussherzog Guillaume Sech am Hierscht bestuede wäert. Seng Hochzäit ass an éischter Linn eng Saach, déi Säi perséinlecht Gléck ugeet. A mir wënschen haut schon dem Prënz Guillaume a Senger zukünfteger Fra all Gléck vun der Welt. Mee dës Hochzäit ass net nëmmen Hiert Fest. Et ass och eist Fest, well dee Mariage steet fir d’Continuitéit vun eiser Dynastie, déi eisem Land esou grouss Déngschter leescht. Eisen Nationalfeierdag ass den offizielle Gebuertsdag vum Grand-Duc. Dofir gëllt Him – an der Fassong wéi E Seng Aarbecht mécht – haut eise besonnesche Respekt.

A ceux qui sont venus de plus loin pour partager notre vie – qui est aussi la leur – je voudrais dire qu’ils sont les bienvenus au Grand-Duché parce qu’ils l’enrichissent par leur savoir-faire, par leur travail, par leur culture. Que tous ceux qui me regardent et m’écoutent au-delà de nos frontières sachent que nous voulons vivre avec eux en bonne entente, au service d’une même cause européenne qui constitue l’intersection de nos volontés et de nos espoirs.

Iech alleguer wënschen ech e schéinen Nationalfeierdag.

Vive de Grand-Duc an d’Grande-Duchesse!

Vive eis groussherzoglech Famill!

Vive eist Land!

 

source: gouvernement.lu