RIO + 20 – Eng fräi politesch Tribün vum Fernand Boden, dem President vun der Kommissioun vun der nohalteger Entwecklung an der Chamber

RIO + 20 muss e kloërt Signal setzen, datt d’Zäiten vu genuch a bëllege Ressourcen eriwwer sinn a kee Wee laanscht e méi spuersamen a fairen Emgang mat eisen natierleche Ressource féiert.

Léiw Noolauschterer, 

Am  Juni 1992  huet d’Konferenz vu Rio iwwer Emwelt an Entwécklung stattfond. 

Sie  gëllt  och  haut nach als  Meilesteen, well  sie  der Welt  d’Visioun  ginn  huet  vun enger nohalteger Zukunft a wichteg multilateral Instrumenter geschaf  huet, fir  des  Visioun  ze   realiséieren. 

Elo, 20  Joer  duerno, organiséiert  d’UNO  rëm eng kéier zu Rio  d’Konferenz  RIO + 20. 

Hei  kommen nees  all  wichteg Acteuren zesumme fir sech an de grousse Linnen eens ze ginn, iwwert d’ Zukunft, déi mir wëllen an iwwert de Wee, deen dohinner féiert. 

Sonner Zweiwel ass säit Rio 1992 villes ënnerholl a verbessert ginn, mä och d’Welt huet sech zënterhier verännert an et stelle sech nei Erausfuerderungen. 

Erlaabt mir e puer Zuelen ze nennen, déi op eng ganz beandrockend Art a Weis beleeën, wéi bluttnoutwenneg e konsequent Ëmdenken an Handelen ass.

  • Momentan liewe 7 Milliarden Leit op der Welt. Bis 2050 sin et der 9. 
  • 1 vu 5 Mënsche musse mat 1 Euro den Dag oder manner iwwert d’Ronne kommen.
  • 1,5 Milliarden  Leit hu keen Elektrescht  an 880 Millioune kee  gesond Drénkwaasser.
  • An am allerschlëmmsten: 1 Milliard Mënsche leiden all Dag Honger.
  • D’Treiwhausgasémissiounen huele weiderhin zou an de Klimawandel geet virun.
  • Bis 2030 geet de Besoin u Liewensmëttel weltwäit ëm 50% an d’Luucht, dee vum Waasser ëm 30% an dee vun der Energie ëm 45%.

Dir gesitt, wa mir eise Kanner a Kandskanner eng liewenswäert Welt wëllen hannerloossen, da musse mir d’Aarmut an d’Ëmweltzerstéierung ee fir allemol an de Grëff kréien.

Näischt änneren an esou weiderfueren wéi bis elo kann net goen a wäert och net goen.

RIO + 20 muss e kloert Signal setzen, datt d’Zäiten vu genuch a bëllege Ressourcen eriwwer sinn a kee Wee laanscht e méi spuersamen a fairen Ëmgang mat eisen natierleche Ressource féiert. 

Et mussen ambitiéis Zieler fir déi nohalteg Entwécklung an enger Rei vu wichtege Secteure festgehal ginn an et muss derfir gesuergt ginn, datt jiddereen Zougang kritt zu genuch Iessen, gesondem Waasser a propperer Energie. 

Fir datt mir déi néideg Changementer duerchgesat kréien, ass et wichteg, datt Europa an och Lëtzebuerg mat dem gudde Beispill virginn an Hand mat upaken, do wou et am néidegsten ass. A verschiddenen Domainer mécht Lëtzebuerg dat och, z.B. doduerch datt mir 1% vun eisem Revenu National Brut an d’Entwécklungshëllef investéieren. 

D’CSV setzt sech dofir an, datt Lëtzebuerg weider op dësem Wee bleift an datt d’EU zu Rio eng staark a virbildlech Roll  spille soll. 

Ech soen Iech Merci fir d’Nolauschteren.