GROUSSE MERCI…

… un di ronn 600 Leit, di an de leschten 2 Wochen aus de 4 Etappe vum « CSV on Tour » zu Remerschen, Ettelbréck, Nidderaanwen a Stengefort, ee grousse Succès gemat hunn.

Diskutéiert gouf zesumme mat eise Mandatairen, Deputéiert a Ministeren iwwert d’Ried zum Etat de la Nation vum Premier an an deem Kontext, iwwert wichteg politesch Decisiounen an iwwert Weichestellunge fir d’Zukunft vum Land.
A no deene véier Rendezvous’en ass d’CSV frou fir festzestellen, datt 
mär gutt Leit hunn, Leit déi wëlle mat upaken, fir méi schwiereg Zäiten ze iwwerbrécken.  A well mär gutt Leit hunn, wäerte mär et och zesumme packen!


„CSV on Tour“  ass eng Manifestatioun vun CSV Partei, Fraktioun an de 4 CSV-Bezirker


Fotoen vum „CSV on Tour“ fannt Dir op csv.lu an der Multimedia-Galerie