Mir reagéieren

Ausschnëtter aus der Stellungnahm vum Marco Schank Opgrond vun den Aussoe vun Arcelor Mittal, handelt et sech bei der Anlag vu Schëffleng ëm eng „temporär Stëlleeung op onbestëmmten Zäit“. Theoretesch heescht dat, dass déi Anlag zu all Moment – wann och mat engem gewëssen Opwand – rëm kéint a Betrib geholl ginn, wat onwahrscheinlech ass, awer jiddereen heibannen hofft.

 

Ech hat e Gespréich mat de Responsable vun Arcelor Mittal iwwer d’Situatioun zu Schëffleng. Sollt sech am Laf vum Joer confirméieren, datt 2012 zu Schëffleng net méi produzéiert gëtt, ass et a mengen Ae kloer – an ech hunn dat däitlech gemeet – dat mir déi ronn 81.000 Tonnen Emissiounsrechter, déi Arcelor Mittal dëst Joer fir Schëffleng kritt huet, zréck froen.

Et kann effektiv net sinn, datt de Staat fir e ganzt Joer Emissiounsrechter u Betriber verschenkt, ouni datt an dëse Betriber geschafft gëtt.

Kloerheet a Saachen Emissiounshandelssystem

Den Artikel 13.6. vum modifizéierte Gesetz vum 23. Dezember 2004 iwwert den Emissiounshandelssystem ass op dësem Punkt och kloer:

Wann ee Betrib opgrond vun enger „cessation totale“ oder „partielle“ (an dorënner versti mir och ee „arrêt provisoire“ vun enger Anlag, deen eng länger Zäit dauert) net exploitéiert gëtt, an doduerch net Gebrauch mécht vun den Emissiounsrechter, déi fir déi Zäit ausgestallt gi sinn, hunn ech – als zoustännege Minister – d’Recht fir iwwer déi Emissiounsrechter „ze statuéieren“.

Dat heescht konkret, dass ech dann dee Betrib opfuerdere kann, déi Emissiounsrechter ze restituéieren. Mir mussen also elo kucken, wat dëst Joer zu Schëffleng geschitt. En fait, bedeit dat, dass déi 81.000 Emissiounsrechter vun Arcelor Schëffleng fir 2012 (déi haut e Wäert vun ca. 500.000€ hunn) „provisoresch“ sinn.

An dësem Kontext sief dorun erënnert, dass fir déi 13 Installatiounen, déi zu Lëtzebuerg ënnert den Emissiounshandelssystem (ETS) falen, pro Joer insgesamt ongeféier 2,5 Mio Tonnen Emissiounsrechter ausgestallt ginn.

Den Europäeschen Emissiounshandelssystem :
zwou generell Faiblessen

Et gëtt zwee generell Faiblessen vum europäeschen Emissiounshandelssystem a senger 2. Phase, dat heescht vun 2008 bis 2012 (= Kyoto-Phase), feststellen :

    1. eng offensichtlech, allgemeng Iwwerallokatioun vun de Quoten un d’Entreprisen. Dee Phenome weist sech zu Lëtzebuerg genau esou wéi an deenen anere Länner, an an deene selwechte Proportiounen am industrielle Sektor.

      Den Ausmooss vun der Iwwerallokatioun ass sécherlech och eng Konsequenz vun der Wirtschaftskris, där hiren Ausmooss een 2006, wéi déi national Allokatiounspläng erstallt goufen, nach net konnt virausgesinn.

      D’Zuele vun den Joeren 2008 bis 2011 leie vir, an et huet sech gewisen, datt déi 13 Installatiounen insgesamt iwwer déi 4 Joer 13,7% manner Zäregasen emettéiert hunn, wéi se Emissiounsrechter krut hunn. D’Situatioun variéiert tëschent de Betriber, déi jo och ënnerschiddlech vun der Kris betraff sinn.

      Dëse groussen Iwwerschoss vu Quoten a ganz Europa huet natierlech och en Afloss op de Präis pro Tonn CO2 : deen ass relativ staark gefall op mëttlerweil ëm déi 6 – 7 €.
      Doduerch geet natierlech eevun den Haapt-Incentives vum System, nämlech een Ureiz fir a méi effizient Technologien ze investéieren, zum Deel verluer.



    2. Déi 2. Faiblesse vum System besteet doran, datt d’Verdeele vun de Quoten un Hand vun nationalen Allokatiounspläng décidéiert gouf. Fir deem entgéintzewierken, gouf schonn 2009 den Emissiounshandelssystem komplett reforméiert: D’Allokatioun (d’Verdeele vun de Quoten) gëtt deemno ab 1. Januar 2013 op eng uniform Art a Weis um europäeschen Niveau organiséiert:

      De generelle Prinzip wärt de vum Versteeë vun den Emissiounsrechter sinn.

      Wat d’Stolproduktioun ugeet, ginn d’Quote weiderhi gratis verdeelt, an dat no benchmarken (reférentiels) déi um europäeschen Niveau festgeluegt goufen, en attendant datt et, hoffentlech, eng Kéier zu engem weltwäiten Accord kennt. Et geet jo schlussendlech och dorëm massiv Delocalisatioun vun Industrien a Länner, an deene manner héich Ëmwelt- a Sozial-Standard’en gëllen, ze verhënneren.

      Et kann een also kloer soen datt d’Allokatioun an Zukunft méi restriktiv wéi bis elo wärt gehandhabt gin. Kloer as awer och datt déi europäesch Direktive virschreift datt den Iwwerschloss vu Quoten aus de Joeren 2008 bis 2012 mat an déi drëtt Phase ka geholl ginn.

Déi fir Klimaschutz zoustänneg Kommissärin Connie Heedegaard huet beim informelle Conseil vun den Emweltministeren an Dänemark ugekënnegt, se wéilt préiwen, wéi een der momentan schwaacher Nofro un Emissiounsrechter an dem domat verbonnen niddrege Präis kéint entgéint wierken. An dem Kontext sollt also laut Kommissioun nach eng Kéier iwwer den Timing vun de Stee’en nogeduecht ginn. Eenzel Länner hunn do awer schon hier Bedenken ugemellt …