Projet de loi portant approbation de la Convention de Tampere sur la mise à disposition de ressources de télécommunication pour l’atténuation des effets des catastrophes et pour les opérations de secours en cas de catastrophe, faite à Tampere, le 18 juin

Ried fir CSV-Fraktioun vum Marcel Oberweis

Här Präsident,

Dir Dammen an Hären,

Madame Ministesch,

Erlabt mir dem honorablen Marc Angel fir sein schreftlechen an an och de mendlechen Rapport – Merci ze soen.

Déi virleiend „Tampere-Konventioun“ huet zum Ziil, nach aktuell Obstaklen ofzebauen, déi di grenziwerschreitend Ennerstëtzung beim Asaz vun den Telekommunikatiounstechnologien erschwéieren oder esou guer onméiglech machen , besonnesch am Fall vu Katastrophen.

D’Beréetstellung an d‘Benotzung vun den Telekommunikatiounsmëttelen fir de Katastropheschutz a bei den Hëllefsasäz sollen vereinfacht a verbessert ginn, an dat op alle Niveauen.

Bei de Noutfäll e.a. engem Erdbiewen – muss alles ennerholl ginn, fir dat Schrécklechst op e Minimum ze reduzéieren. Et géet drem, esou vill Mënschen wéi megleich ze retten – an do mussen all Mëttelen zum Asaz kommen.

D’Tampere-Konventioun soll duerfir suergen, dass a Noutsituatiounen all méiglech Hürden ofgebaut ginn, fir schnell an onbürokratesch ze réagéieren. D’Begrenzung vu mënschlechem Leed a Schied un Eegentum an Emwelt stinn am Vierdergrond.

Virun allem muss derfir gesuergt ginn, dass all Informatiounen ausgetosch ginn.

Mir wellen hei eng zolidd Basis an den neidege organisatoreschen ewei och techneschen Kader fir eng méi koordinéiert an effizient Hëllef kréieren.

Am Fall vun humanitäre Krisen a Naturkatastrophen kënnen déi international Hëllefsgesellschaften hir Satellitentelefoner a Funkstatiounen besser openéeen oftstëmmen.

Dësst Ofkommes ass bis haut vun iwwer 50 Staaten ënnerschriwwe a vu villen schon ratifizéiert ginn. A mir wellen mat eisem Vote haut de Metten och offiziell mat derbäi sinn.

D’Ënnerzéchnerlänner a déi international täteg humanitär Organisatiounen sinn gehalen, hir Kommunikatiounsmëttelen am Katastrophenschutz a bei Hëllefsaktiounen esou anzerichten, dass si matenéen kopperéieren kënnen.

All bürokratesch administrativ Hürden bei de grenziwwerschreitenden Operatiounen mussen ofgebaut ginn. D’Konventioun steet fir Solidarität mat Leit, déi a Nout gerode sinn an dest durch den Asatz vun de modernen Telekommunikationstechnologien.

Dess Initiativ ass dorier eraus och e Steck konkret Entwecklungshëllef – e Sujet vun den „Assises de la Coopération“ am leschte Joer. Fir d‘CSV ass et duerfir nemmen logesch, dëss Konventioun ze ratifizéieren.

Et ass sécherlech eng reng Spekulatioun, an dach sollte mir eis froen, weivill Liewen gerett hätte ginn, wann esou een effiziente System – notamment bei der Tsunami-Katastroph am Indeschen Ozean an dem Erdbiewen op Haiti fonktionnéiert hätt.

Bei dem Erdbiewen op Haiti huet sech jo erausgestallt, dass den Zesummenbroch vun der Kommunikation dé greisste Problem wor.  

An elo gi mir eis dé performanten Outil, mat dém e.a. duerch den Asaz vun Handyen vill Mënschen gerett ginn.

Mat dem Projet emergency.lu huet eist Land mat der Ennerstetzung vun der Universitéit Lëtzebuerg an enger Rei technesch héich verséierter Enterprisen, déi hei am Land am Bereich vun den Telekommunikation operéieren, an enger Gesellschaft fir den Ambulanzenasatz an der Loft, e performant high-tech Hëllefssystem op d’Been gestallt.

D’Symbiose tëschent der Satellitefirma SES an dem Technologiebetriib Hitec, mat als drëttem Partner – der Air Rescue ass méi wéi beispillhaft. Et handelt sech démno em eng Kommunikatiounsstruktur déi am Katastrophenfall eng optimal Hellef duerstellt.

Et géet drëm – e weltwäit fiablen Satelliten- an Kommunikatiounssystem opzestellen, deen am Fall vu Katastrophen e.a. Naturkatastrophen oder humanitär Noutsituatiounen an den Asaz kennt. Dat wor elo kuerz am Süd-Sudan de Fall.

Der Ministesch Marie-Josée Jacobs wëlle mir fir hirt Engagement am Projet „emergency.lu“ félicitéieren. Dat ass e wichtegt Aushängescheld vun der Lëtzebuerger Entwécklungshëllef.

D’Konventioun vun Tampere schâft d’Basis fir e weidert Engagement an de kommende Joeren – a Letzebuerg well do derbei sinn.

An an dëssem Sënn ginn ech am Numm vun der CSV-Fraktioun d’Zoustëmmung zur Konventioun a soen Merci fir d’Nolauschteren.