Eng verbessert Offallgestioun ass och e Steck Nohaltegkeet

Eng fräi Tribun vum Deputéiereten Marcel Oberweis

Léiw Nolauschterer,

Mat dem iwerschafften Offallgesetz setze mir op eng méi nohalteg Offallgestioun, déi vun 4 Eckpunkten gedroen gett.

D’Gesondhéet vun de Menschen an d’Protektioun vun der Emwelt stinn am Mettelpunkt vun der Politik. De Prinzip vum „pollueur-payeur“ an d‘Ressourceschounung kreien eng meich heich Bedeitung.

De Grondgedanken ass kloer – den Offall vun dém enge Bierger oder Betriib stellt e Wertstoff fir en aneren Bierger oder Betriib duer – am Senn vun der ökologescher Kréeslafwirtschaft.

Déi gett vun 5 Prinzipen geléet: kén Offall produzéieren, de Réemploi an de Recycling organiséieren, d‘Produktioun vu Kompost erheichen, déi energetesch Verwertung iwer de Wé vum Biogas an domat der Produktioun vu Wärmt an elektrescher Energie duerchféieren an zulescht d‘Elimination op enger kontrolléierter Décharge.

Fir dess wichteg Aufgab ze meschteren, mussen d‘Bierger an d’Betriiber vun de Gemengen, de Syndikaten an der Emweltverwaltung optimal informéiert ginn.

Et liicht duerfir an, dass durch eng erheichten Sensibiliséierung an der ganzer Ketten vun dem Produzent iwer den Händler bis zum Verbraucher derfir gesuergt gett, dass manner Offal ufällt. An de Letzebuerger Ménagen falen ronn 700 kg Offall op de Kap am Joer un – eendeiteg ze vill – 40 % iwer der europäescher Moyenne.

Fir hei besser ze ginn, musse mir déi eenzel Offallfraktiounen wéi Glas, Metall, Karton, Pabeier a Plastic nach besser trennen. Mir hunn elo en Taux de recyclage vun 42 % an dé muss op 50 % bis 2020 erheicht ginn.

Iwer de Wé vun den Offalltaxen sollen d’Bierger an Betriiber an d’Responsabilitéit geholl ginn. Dat kann iwer d’Verrechnung vun der Mengt oder iwer de Weieprozess gescheien. Fakt ass op alle Fall, dass déjéineg belunt ginn, déi d’Emwelt schounen.

Hei am land sinn eng Rei vu Recycling-Häff an Recycling-Centern agericht ginn – do ginn awer keng „Second-hand“-shops méi erlabt, well d‘Gefor besteét, dass ofgeliwert défekt elektresch Apparaten matgeholl ginn an da Menschen zu Schued kommen.

Och soll derfir gesuergt ginn, dass de Biooffall neischt an der groer Poubelle verluer huet, emmerhin 39%. Dat ass endeiteg ze vill a mir mussen op 30 % reduzéieren. A ville Landgemengen verwerten Matbierger hiren Bioffall selwer, dat ass ze begreissen, de Bioffall kann awer och iwer eng Biogasanlag an elektresch Energie emgewandelt ginn.

Déi inerte Offäll e.a. de Bauschutt, solle wa méiglech recycléiert ginn oder op eng kontrolléiert Décharge bruecht ginn. Eleng am Joer 2009 sinn ronn 6,7 Milliounen t inert Offäll ugefall, déi elo zu 45% recycléiert goufen. Doniewend sinn ronn 500.000 t iwer d‘Grenzen transportéiert ginn. Och hei musse mir den Taux de recyclage op 70% bis zum Joer 2020 eropschrauwen.

Wa mir hei am Land déi nohalteg Entwécklung wëllen, dann ass d’Kréeslafwirtschaft mat hire 5 Prinzipien an der Offallgestioun déi wichteg Viraussetzung.

Eng héich Effizienz an e seriöe Ressourcëmanagement stellen d’Haaptelementer duer.

D’Matbierger an d’Betriber, d’Gemengen an de Staat mussen hei eng Hand mat upacken.

Merci fir d’Nolauschteren.