Erausfuerderunge fir eis Gemengen

Déi no de Gemengewahle vum 9. Oktober gewielt Gemengeréit trieden dëser Deeg hiert Amt un. Op eis Gemengen a hier gewielte Vertrieder waarden e sëllechen Erausfuerderungen.

D’Gemeng, dat ass Proximitéit. Decisiounen, déi vu Gemengenautoritéite geholl ginn, beréieren direkt den Alldag vun de Bierger. De Kader an deem d’Gemengen hir Missiounen erfëllen, gëtt ëmmer méi exigent, hir Aufgabestellung ass ëmmer méi komplex a méi breet ginn. Dofir besteet och e Konsens iwwert d’Tatsaach, datt sech villes ännere muss, mä leider net iwwert de “wéi” vun dësen noutwennege Reformen.

Fir mech gëllt folgende Grondsaz : mir brauche staark Gemengen, déi amstand sinn, hier Autonomie responsabel an effizient auszespillen, am Déngscht vum Bierger. Dëst soll landeswäit geschéien, fir datt de Prinzip vun der Gläichheet vum Bierger virum ëffentlechen Déngscht respektéiert gëtt.

Et gëtt dräi wesentlech Aufgabefelder : 1. eng substantiell territorial Neiuerdnung, 2. eng nei Regelung vun de Gemengefinanze gekoppelt un eng nei Comptabilitéit an 3. eng fundamental Reform vun der staatlecher Opsiicht iwwert d’Gemengen.

D’Zilsetzung vun der Innenpolitik muss et also sinn d’Konditiounen ze schafe fir landeswäit, flächendeckend, qualitativ gläichwäerteg kommunal Servicer fir all Bierger am Land ze garantéieren. An ech gesinn et als meng Flicht als Inneminister de Kader ze setzen, fir datt all Bierger an de Genoss vu gudde kommunalen Déngschtleeschtunge kommen. Hei sinn Gemengefusiounen e noutwennegt Mëttel fir eng staark Gemengelandschaft ze kréien.

Allerdéngs : et kann ee keng Fusioun laanscht oder géint de Wëlle vu senge Biergerinnen a Bierger maachen. Dofir ginn se am Kontext vun de Fusiounsprojete consultéiert a stëmmen an engem Referendum iwwert d’Fusioun of.

Zwou substantiell a vum Secteur jo och vehement gefuerdert Reformen, hänke wesentlech dovun of, wéi eis Gemengelandschaft an Zukunft ausgesäit, well mir dat an der aktueller Situatioun net fäerdeg bréngen.

Do wier als éischt d’Reform vun de Gemengefinanzen, wou et drëms geet e kohärenten an transparente System ze schafen an deem et keng krass an objektiv net novollzéibar Ënnerscheeder méi gëtt.

Fir e kloert Bild ze kréie vun der Situatioun vun eise Gemengefinanzen, maache mer eng Bestandsopnam an Zesummenaarbecht mat der Banque Centrale. Op der Basis vun deenen Erkenntnisser zéihe mer d’Conclusioune fir déi zukünfteg Gestaltung vun de Finanze vum Gemengewiesen hei zu Lëtzebuerg.

Donieft däerfe mer net aus den Ae verléieren, datt d’Gemengefinanzen e Bestanddeel vun eisen ëffentleche Finanze sinn. D’Verschëldung vun de Gemengen ass och Deel vun der ëffentlecher Schold vum Land. Dofir stinn d’Gemengen an der Verantwortung bei hirer Finanzgestioun an dem Staat fält d’Roll zou dës Finanzgestioun ze iwwerwaachen.

Dofir musse mer och d’Budgets- a Finanzkontroll bei de Gemengen iwwerdenken, andeems mer se dem Modell upassen, deen et fir de Staat lo gëtt an no der Methodologie, déi vun der Cour des Comptes praktizéiert gëtt, a besonnesch och wat d’bonne gestion financière ugeet. Eng Kontroll vun der Legalitéit a vun der Régularitéit geet haut net méi duer : mir brauchen Efficacitéit an Effizienz an der kommunaler Finanzgestioun.

Efficacitéit an Effizienz heescht och eng nei Ausriichtung vun der staatlecher Opsiicht vun de Gemenge – oder fir déi, déi et léiwer sou nennen, d’Tutelle.

Ech wäert eng Reform proposéieren, déi sou gestréckt ass, datt d’Approbatioun d’Ausnahm ass, an datt de Gros vun de kommunalen Entscheedungen an Autonomie geholl ginn an ouni Approbatioun kënnen a Kraaft trieden, Decisioune musse just nach notifiéiert ginn. Ausnahme bleiwen de steierleche Beräich an der Urbanisatioun.

Fir de Gemengen eng méi nohalteg Finanzpolitik ze erméiglechen, plädéieren ech fir e System vun « blocs de compétences » deen doranner muss bestoen, datt all Kéier wann d’Gemengen eng nei Missioun kréie, gläichzäiteg och d’Finanzéierung dovunner muss geséchert sinn. Och wëll ech d’Gemenge virun enger «verstoppten» Tutelle schützen, déi nei Aufgabe schaaft ouni weider Mëttelen zur Verfügung ze stellen, an zwar duerch eng Legalitéitsregel am Gemengegesetz an am zukünftege Code vun de Gemengen, déi seet, datt keng nei Missioun kann ausserhalb vum Gemengecode geschafe ginn.

Mat all dëse Mesurë kréie mer net nëmmen eng administrativ Vereinfachung, mä mir misste kënnen erreechen, datt eis Gemengen autonom an efficace schaffe kënnen an datt de Bierger a Steierzueler “value-for-money” kritt.

Jean-Marie Halsdorf

Inneminister