Meng Gemeng, mäin Doheem!

Ronn 100 Jonker aus de Reie vun der CSJ stellen sech den 9. Oktober 2011 op de Lëschte vun der CSV de Wielerinnen a Wieler. Dat sinn der bedeitend méi ewéi bei de leschte Wahlen am Joer 2005.

An engems zielt fir d’CSJ méi d’Qualitéit ewéi d’Quantitéit vun de Kandidaten. An déi stëmmt bei jidder Eenzele vun hinnen. Zesummen trieden si fir Gemengen an, déi méi ewéi reng Verwaltungen a Déngschtleeschtungsservicer sinn.

Fir d’CSJ sinn eis Gemenge virun allem, am richtege Sënn vum Wuert, Gemeinschaften. Gemeinschafte vu Mënschen, déi an Dierfer a Stied zesummeliewen. An déi Mënschen, dat sinn net iergendwelleg. Dat si mir all, dat ass all Eenzelne vun eis!

Dofir ass et u menger Gemeng, Politik am Sënn vu mir als Bierger ze maachen. Dofir ass et u mir als Bierger, fir Verantwortung fir meng Gemeng ze iwwerhuelen. Well mäin Doheem meng Gemeng ass a meng Gemeng, mäin Doheem! Mat dësem Grondgedanken, zesummegesat aus sechs politesche Prioritéite fir déi nächst sechs Joer, ginn d’CSJ-Kandidaten an d’Gemengewahlen. Eng detailléiert Versioun vun eise Prioritéite fënnt een, zesumme mat de Fotoe vun all eise Kandidatinnen a Kandidaten, um Internetsite www.csj.lu

Och vill weider Informatiounen zur nationaler an europäischer Politik sinn do disponibel.

Ech fir mäin Deel wënschen allen CSJ-Kandidatinnen a Kandidate fir den 9. Oktober vill Gléck an nëmmen dat Bescht!

Serge Wilmes
 CSJ-Nationalpresident