Politik fir Fraen: eng Noutwennegkeet

Eng fräi politesch Tribün vum Karin Meyer, bäigeuerdent CSV Generalsekretärin op RTL Radio Lëtzebuerg an 100komma7

Léif Nolauschterinnen, léif Nolauschter

De leschten 8.Mäerz ass den 100ten Gebuertsdag vum Internationale Fraendag gefeiert ginn – och hei zu Lëtzebuerg. Sou war den Dag virun der Chamber eng Manifestatioun, un der sech och d‘CSF – d‘chrëschtlech sozial Frae bedeelegt hunn.

Eng selleg Fraen an och Männer haten sech do zesumme fonnt an awer ass unisono an alle Riede méi Gläichberechtegung an allen Felder vu Politik, Wirtschaft a Gesellschaft gefuerdert ginn. Iwwregens wéi déi lescht honnert Joer – zwar mat Nuancen an awer! Dëst alleng weist, dat mer nach net vun enger Gläichberechtegung Fra/Mann kennen ausgoen. An dëst ass net nëmmen ee perséinlecht Gefill vun der enger oder anerer Fra, méi dëst gëtt beluecht duerch eng helle Wull vu Statistiken an Etuden.

An dofir ass et och net aus Muttwëll, dat an der leschter Zäit erëm verstäerkt iwwert Quote geschwat gëtt. Tatsaach ass, dat opwuel eis Gesetzer eng Egalitéit virgesin, d‘Realitéit an munche Beräicher eng aner ass. An da stellt sech ganz einfach d’Fro op net den Legislateur muss vir eng bestëmmten Zäit intervenéieren, vir zumindest d’Chance vun deene Fraen, déi z.B. op Decisiounsposte an der Wirtschaft wëlle kommen, dëst och kenne maachen.

Et ass richteg, dat an den leschte Jore vill erreecht ginn ass, richteg ass awer och, dat nach Munches oder Villes – dem no wéi een déi Saach gesäit – ze maache bleift. An ech fäerte ganz, dat an verschidde Beräicher dëst ouni Drock net wäert goen. Dofir soll een och déi Fro vun der Quoten och net zu enger Glawensfro erop stiliséieren. Et ass an soll just ee zäitlech begrenzten Outil sinn, vir den Fraen ze hëllefen an déi Positiounen ze kommen, déi se wëllen erreechen. Net méi an net manner.

An well Fraen net anescht sinn wéi Männer, brauchen och si aner Fraen als Virbiller iert se sech op den Wee maachen . Nëmmen wann an alle Beräicher Fraen eng Normalitéit ginn a sinn, nëmmen da kann an eis Gesellschaft vu Gläichberechtegung schwätzen. An bis mer esou wäit sinn, brauche mir eng gezielte Politik vir d‘Fraen – esou laang bleift Fraepolitik eng Noutwennegkeet.

Et bleiwen awer nieft der renger equilibréierter Vertriedung vu Fra an Mann an allen Beräicher vun der Gesellschaft nach eng Réi aner gesellschaftlech Erausfuerderungen ze meschteren. Ech denken hei besonnesch un d’Gewalt géint Fraen a Kanner. Mat dem Gesetz géint déi heislesch Gewalt huet Lëtzebuerg eng Base geschafen, déi et elo awer no ee puer Joer Praxis gëllt weider op méi zollitt Féiss ze stellen.

Esou muss garantéiert sinn, dat den Auteur vir seng Dote responsabiliséiert gëtt an och mat Konsequenze muss rechnen, wann hien net kooperéiert. Et muss och kloer sinn a ginn, dat d‘Kanner, déi an der Famill dës Gewaltsituatioune mat erlieft hunn als Affer ze gëllen hunn.

Ech soen Iech Merci