Eis Energiepolitik muss méi intelligent ginn

Léiw Nolauschterer

Déi lescht 14 Déeg hunn eis virun Ae geféiert, dass d‘Menschhéet net géint Naturgewalten gefeit ass.

Net nemmen ass d’Nordostküst vu Japan vun engem Erdbiewen an engem Tsunami zerstéiert ginn, mä et koum zu desastréisen Auswierkungen op d‘Menschen an d’Emwelt duerch den nuklearen Akzident an dem Atomkraftwierk Fukushima. A nach kenne mir déi ganz Ausmoossen vun der atomarer Katastroph net.

Léiw Nolauschterer

Déi lescht 14 Déeg hunn eis virun Ae geféiert, dass d‘Menschhéet net géint Naturgewalten gefeit ass.

Net nemmen ass d’Nordostküst vu Japan vun engem Erdbiewen an engem Tsunami zerstéiert ginn, mä et koum zu desastréisen Auswierkungen op d‘Menschen an d’Emwelt duerch den nuklearen Akzident an dem Atomkraftwierk Fukushima. A nach kenne mir déi ganz Ausmoossen vun der atomarer Katastroph net.

Eng global Diskussioun iwer déi friddlech Notzung vun der Atomenergie ass awer lassgetreppelt ginn.

An der Europäescher Unioun stinn 143 Atomkraftwierker a 14 Länner. D’Atomenergie dréit zu ronn 30 Prozent bei der Produktioun vun elektreschem Strom bei.  

Am Strommix vun eisem greissten Stroumliwerant ass d’Atomenergie zu ronn 23,5 Prozent an déi erneierbar Energien zu 21,3 Prozent bedélegt. De Rescht gett duerch déi fossil Energien ofgedeckt. Letzebuerg bezitt de greissten Déel vun senger elektrescher Energie aus Deitschland. 

Bedingt duerch dess Katastroph a Japan kennt et zum Nodenken. D’Mensche machen sech Suergen iwer d‘Energieversuergung an iwer d‘Schied un eiser Emwelt.

D‘Regirung huet et kloer formuléiert, si bleiwt bei hirer kritescher Positioun vis-à-vis der Atomenergie a wärt elo nei Wéer aschloen. An Trotzdem?

Weivill ass iwer de Bau vun Wandenergieanlagen oder Biomasseanlagen an de leschte Joeren geschwat ginn?

Wéi wéineg hu mir opzeweisen, de NIMBY-Effekt ass einfach ze grouss. Entweder d’Anlagen si net schein oder si steieren eis Landschaften.

Mir froen elektresche Strom fir eis Liewensqualitéit a fir eise Wuesstum – awer d’Produktioun soll bei eise Noperen geschéien, an déi sollen och all Konsequenzen droen.

Wéi sollen dann bei eis déi verlangten CO2-Emissiounen reduzéiert ginn, wa mir selwer neischt derzou beidroen wellen?

Misst net grad elo verstärkt op d’Energiespueren an d’Notzung vun den erneierbaren Energien gesat ginn? Wa jidferén nemmen 10 % giff aspueren? An dat ass ouni Problem méiglech.

Doriwer eraus soll elo endlech déi intelligent Energielandschaft opgebaut ginn fir esou eis Liewensressourcen ze schounen. 

Mir dierfen d‘Emweltschied net un déi kommend Generatiounen weiderréchen.

Dat ass keng kohärent Politik – an d’CSV wärt dé Wée nett weider matgoen, si setzt sech fir den nohaltegen Iwergang an, dé secher net einfach gett.

 De Staat, d’Gemengen an déi Privathaushalter mussen emmer méi elektresch Energie aus erneierbaren Energien notzen.

Et gett schon eng ganz Rei vu Produzenten, déi gringe Stroum ubidden.

Et ass duerfir erstaunlech, dass – opschon zenter Joeren hei am Land gringe Stroum disponibel ass-  bei dem greissten Lieferant vun elektrescher Energie nemmen 4000 vun de ronn 160.000 Clienten desse gringe Stroum benotzen ?

Dierf ech drop hiweisen, dass beim Verbrauch vun 4000 kWh elektrescher Energie an engem 4 Persouneménage duerch d’Notzung vu gringem Stroum, Méikäschten vun ronn 20 € am Joer ufalen … de Preis vun enger Pizza an 2 Gläser Waasser.

Mat der Emweltkatastroph zu Fukushima kennt et zu engem globalen Emdenken an der Versuergung vun elektrescher Energie.  

Déi erneierbar Energien mussen emmer méi eng grouss Roll an der Energieversuergung iwerhuelen. Mat hinnen kenne mir an den kommende Joeren eng   méi kuelestoff- a nuklearfreier wéi och intelligent Energiewirtschaft obbauen, wéi se och vun der Europäescher Kommissioun verlangt gett.  

Fir hei Succès ze hunn, brauche mir awer den Engagement vun alle Matbierger hei am Land.

D’CSV ass gewellt, sech mat vill Nodrock an dessem liewenswichtege Prozess ze engagéieren.

Merci fir d’Nolauschtern.