Radiosémissioun iwwert Héichwaasser vum Lucien Clement um Radio 92.5 an 100.7

Héichwaasser an Iwwerschwemmungen, dat sinn zwee Wierder, déi an de leschte Wochen nees méi oft ze héiere woaren. Besonnesch d’Héichwaasseren an Australien, an a Brasilien hunn iis op eng schrecklech Manéier d’Auswierkungen vun esou Katastrofen virun Ae gefouert.

Héichwaasser an Iwwerschwemmungen, dat sinn zwee Wierder, déi an de leschte Wochen nees méi oft ze héiere woaren. Besonnesch d’Héichwaasseren an Australien,   an a Brasilien hunn iis op eng schrecklech Manéier d’Auswierkungen vun esou Katastrofen virun Ae gefouert.

Och uechter Europa woar – an ass haut nach – d’Héichwaasserproblematik an der Aktualitéit.

Lëtzebuerg as dobäi keng Ausnam. Vill Deeler vun eisem Land woaren iwwerschwemmt, woubäi déi eenzel Regiounen, wat d’Gravitéit vum Héichwaasser ugeet ënnerschiddlech betraf woaren.  

D’Héichwaasseren aus de Joaren 93 a 95 an och 2003 hun d’Politik aktiv gi geloos, an et ass reagéiert ginn. Zwou Interpellatiounen, op CSV-Initiativ hin, an de Joaren 2003 a 2005 hunn ënnerstrach, datt all Parteien sech bewoosst sin, datt a Saachen Héichwaasserschutz net nogekuckt, mä gehandelt muss gin.

D’Héichwaasserproblematik – an dat weisen déi rezent Iwwerschwemmunge – reduzéiert sech net nëmmen op d’Musel- an d’Sauerregion. Uechter d’Land,  do wou e Floss leeft, ob grouss oder kleng, kann et je no Wierdersituatiounen an ongläichen Ursaachen zu Iwwerschwemmungen kommen. 

D’Spueren oder de Schued, deen ugeriicht gëtt, ass méi oder manner och dee selwechten. All Héichwaasser, egal wou am Land, ass als nationale Problem ze gesin.  

Natierlech as gewoosst, datt d’Héichwaasser op der Musel net einfach iwert d’Nuet kënnt, et kennegt sech méi oder manner  am Viraus un, während bei aanere Flëss gaanz oft ouni Virwarnung oder erkennbar Unzeechen, onlenkbar Iwwerschwemmungssituatiounen entstinn.

Performant Informatiounssystemer erlaaben et haut besser ewéi fréier, fiabel Prognose fir d’Musel. Natierlech bleiwe mir gefuerdert och hei deenen neien Techniken Rechnung ze droen. Déi Etüden, déi an de leschte Joaren gemacht goufen, woaren deemno kee Luxus, mä eng absolut Noutwennegkeet.

Et sinn eng Rei vu Léiere gezu ginn, et ass reagéiert ginn. Vill kleng  ponktuell Eenzelmossnahmen, hunn zu enger Gesamtverbesserung gefouert, wuel wëssend awer , datt net alles an de Grëff ze kréien ass. Een honnertprozentege Schutz  ass net méiglech, mee d’Précautiounen déi machbar sin mussen geholl gin.

D’Ursaach vun Héichwaasser hei zu Lëtzebuerg ass an der Regel iwwerméisseg vill Reen, deen an engem relativ kuerzen Zäitraum fällt. Derbei kommen eng zum Deel ze héich Versigelung vum Buedem,  Kanalnetzer déi d’Waasser ze schnell zu den betraffenen Baachen a Flëss féieren.

Hei ass ët, Gott sei Dank, a ville Gemengen a Regiounen zu engem Ëmdenke komm. Baulech Mossnamen, ugepasste Bebauungspläng, d’Ausweise vun Iwwerschwemmungszonen, Renaturéierungen,  a vill aner Mesüren,  droen haut derzou bäi, datt op ville Plazen d’Iwwerschwemmungssituatioun besser oder anescht ze gestionéieren ass.

Hei huet d’Zesummenaarbecht tëschent Staat a Gemengen goud fonktionnéiert. Eng Rei vu Mesüren hu gegraff, et ass een anert Versteesdemech do fir d’Problematik, d’Solidaritéit ass keen eidelt Wuert méi. Et bleiwen awer nach Problemer, an déi gehéieren ugeschwaat an discutéiert.

Ech plädéieren dofir, datt mir lassgeléist vun all Aktualitéitsdrock  an de nächste Méint an aller Rou an ouni Opreegung dis Frô debattéieren, de Bilan  zéien, a kucke, wat fir eng Mesüren nach ze holle sinn. Héichwaasserschutz zu Lëtzebuerg, as am Intressi vu Land a Leit.

Ech soen Merci fir d‘Nolauschteren