Fraipolitesch Tribune op RTL 92.5 vum Félix Eischen

Wei emmer Enn des Joers, ass et elo an dese Wochen an Deeg Zait ee Bilan ze maan iwwert dei 12 Meint dei elo an deck 14 Deeg auslaafen…

Leif Nolauschtrer,

Wei emmer Enn des Joers, ass et elo an dese Wochen an Deeg Zait ee Bilan ze maan iwwert dei 12 Meint dei elo an deck 14 Deeg auslaafen.

Fir dei eng waar et e bessert, fir dei aaner ee manner gutt Joer, esou wei all Joer.

Fir de Grand-Duché waar et secher ee mouvementeiert Joer , op politeschem Plang animeiert 12 Meint.

Eng vun den Iwwerleungen dei ech mir well an dese kurze Minutten erausplecken ass dei, wei mir eis mat eisem Wierken a Sinn an der noer Zukunft an awer och iwwer 2011 eraus gesinn.

Wei gesait dei zukünfteg Generatioun hiert d’Schaffen an hiert d’Liewen an eisem Land?

Maache mir eis doriwwer genuch Gedanken oder loose mir de Laascht emol kommen?

Eppes ass mir opgefall an de leschten 12 Meint; et ass net liicht verstoen ze din dass mir de Rimm ee Lach mei mussen unzeihen.

Et gin eng Retsch verantwortlech Politiker hei am Land, dei net midd gin daat ze soen, dese get awer dacks Schwarzmoolerei viergeworf.

Et ass och eng Taatsach dass de Grand-Duché, fir dei allermeescht nach net an der Kriis ukomm ass, op jidde Fall get daat net esou gespuert, viellaicht, an daat bleiwt ze hoffen, kreie mir dei Kriis och nie esou richteg ze spieren, mee wee garanteiert eis daat?

Vun eisen Eltren a Grousseltren hu mir durch ee kloore Menschverstand mat op de Wee kritt net mei auszegin wei erakennt, daat faellt eis awer schweier a mir gi gaeren weiderhin esouvill aus wei mir daat gewinnt waaren.

D’Fro ass dei; Vu wou huele mir geschwenn dei Suen dei mir weiderhi gaeren esouvill wellen ausgin.

Dei lescht 20-25 Joer ass et baal, ech soe baal, vum selwen gelaaf. Nom Stool koumen d’Banken an do huet et gespruddelt, mir riskeiren allerdengs dass dee Buur an Zukunft net mei esou metschgieweg ass.

Mir mussen also nach aaner Plus-Valuen schaafen, vu Leit dei dofir de Courage hunn.

An aanere Wierder, mir mussen erem den Entrepreneursgeescht steppelen, ee Geescht deen de Motor vun all Gesellschaft ass, deen awer riskeiert an eiser letzebuerger Gesellschaft emmer mei auszestiewen.

Erzeihe mir eis Kanner wirklech just nach an deem Gedanken se eng Keier am Verwaltungsapparat ennerdaag ze kreien?

Vum Debbes, deen sech am 6te Schouljoer mei fir d’Mécanique an den Tournevisse wei fier d’Sproochen intresseiert heescht et zevill dacks just “ net gutt genuch fir an de Classique “

Mat der neideger Opgeschlossenheet vun alle Bedeelegten an deem richtege Guidage gett hien awer evtl speider ee begeeschterte Profi an sengem Fach a schaaft Arbechtsplaatzen.

Iwwert 1000 Betrieber sichen hei zu Letzebuerg an den naechste Joren ee Successeur, allerdengs stelle mir an dee ganzer Groussregioun fest dass dei qualifizeiert Arbechtskraaft sech emmer mei rar mecht.

Secher, dei letzebuerger Politik huet nach vill Chantercher viru sech, mir sinn nach net genuch zreckkomm op de Terrain vun de klenge Weer, wou et deem mei einfach gemaach get deen sech eppes traut.

Mee och vu Saiten vun der Clientèle ass dacks e Manktem u Respekt ze spieren, et ass net normal dass ee klengen oder mettelstännege Betrieb dausenden Euro austoen huet an de Client fennt daat awer normal.

Erzeihung zum geigensaite Respekt kann der Angscht vierum eegene Courage zevirkommen.

Et ass dese Courage gemescht mat Opklaerung an Dialogbereetschaft dee et sech ze wenschen gellt fir daat neit Joer 2011.

Ech soen iech Merci fir d’Nolauschteren.