D’Zukunftskris

Eng fräi politesch Tribün vum Serge Wilmes, CSJ-Nationalpresident, op RTL Radio, den 8. November 2010

Léif Nolauschterinnen an Nolauschterer,

De lëtzebuergesche Staat ass bankrott an eist Land kritt sech zënter Méint just nach mat Hëllef vun deiere Krediter vum Internationale Währungsfong an der EU iwwer Waasser gehalen. D’Léin an d’Pensioune vun de Staatsbeamte sinn doduercher ëm 30% gekierzt ginn, d’Steiere sinn explodéiert, d’Sozialtransfertën sinn agebrach well d’Pensiouns- an d’Gesondheetskees an engem dëcke Minus hänken, an alle Betrieber si massiv Aarbechtsplazen ofgebaut ginn, de Chômage läit bei 20%, d’Aarmut an d’Kriminalitéit sinn dramatesch an d’Luut gaangen, d’Stroossen- an d’Schoulinfrastrukture vegetéiere virun sech hin an dat alles well näischt méi vum Staat aus investéiert ka ginn.

Elo frot Dir Iech bestëmmt vu wat deen do da nëmme schwätzt. Dat do ass dach net dat Land an deem mir liewen! Ee Land, dat een iwwerduerchschnëttleche Wirtschaftswuesstum huet, dat seng Steieren niddreg hält a generéis mat der Stränz Sozialleeschtunge verdeelt, dat Paiën a Pensiounen bezillt, déi net héich genuch kënne sinn, dat wäit a breed déi schéinsten Stroossen a Schoule baut, andeem esouguer eng weltwäit Wirtschafts- an Finanzkris net den Appetit geholl huet fir ëmmer méi ze fuederen, fir kënne méi ze hunn! Jo, Dir hutt Recht wann Dir dat denkt, well dat Bild wat ech gezeechent hunn, dat ass net eist Land ewéi mir et haut kennen. Allerdéngs riskéiert et d’Bild vu Lëtzebuerg an der Zukunft, soe mir mol am Joer 2030 ze sinn!

Bis dohinner ass et jo nach laang an esou wäit wäert et dach bestëmmt net kommen, kann een elo weider denken. Mä elo mol éierlech! Wat stellen 20 Joer dann nach wirklech duer, wann ee bedenkt ewéi séier onst Land sech an deene lëschten 20 Joer verännert huet. Natierlech bekloe sech nëmmen déi Mannsten iwwert dës 2 vergaangen Joerzéngten, well et fir eist Land Zäite waren an deenen et ëmmer nëmme biergop gaangen ass. Dobäi vergësst een awer gären, datt néierens geschriwwe steet, datt et an Zukunft esou weidergoe wäert. Dofir geet et och net duer sech op d’Hoffnung ze verloossen, datt mir d’Gléck vun dëser Welt alleng fir ons reservéiert hunn. Esou eng Attitude ass ganz einfach onverantwortlech besonnesch vis-à-vis vun deene jonke Generatiounen!

An dofir mussen endlech Strukturreforme gemaach ginn, fir datt all d’Generatiounen och an 20 Joer nach an engem Land liewe kënnen, deem et, ënnert dem Stréch gesinn, gutt geet. Loosse mir nämlech alles beim Aalen, da wäerte mir Alleguerten enges Dags aal ausgesinn!

An dach hu grad déi lëschte Méint gewisen, datt déijeeneg déi hei am Land op deenen verschiddensten Niveauën an der Verantwortung stinn, fest dovunner ausginn, datt alles esou weiderlafe soll ewéi gewinnt an näischt um hëllege Status Quo däerf geännert ginn.

Mir brauchen also net eis Wirtschaftsstruktur, eisen Aarbechts- an Wunnengsmaart, de Gesondheets-, Pensiouns- an Bildungssysteem déifgräifend ze reforméieren. D’Kris ass nämlech definitiv eriwwer an elo kënnen ërem vun alle Säiten aus monter drop lass Fuederunge gestallt ginn fir eppes bäizekréien.

A falls an Zukunft awer nees eng Kris komme sollt, well mir et haut verpassen d’Erausfuederungen vun der Zäit mat 2 Hänn unzepacken, da kënne jo nach ëmmer mir, déi jonk Generatiounen ons drëms këmmeren, wann et un äiser Zäit ass Verantwortung fir d’Land ze iwwerhuelen, soe mir mol dann, am Joer 2030!