Ass d’lëtzbuerger Finanzplaz e schwarzt Schoof?

Eng Tribune Libre vum Gilles Roth um RTL 92.5 an Radio 100komma7

Ass d’lëtzbuerger Finanzplaz e schwarzt Schoof?

Gudde Mëtteg,

De leschte Mëttwoch huet d’Chamber 3 Gesetzer gestëmmt déi zum sougenannten GAFI-Pack gehéieren.

GAFI steet fir Groupe d’action financière.

Et as dat eng weltwäit Organisatioun, där hiert Ziel de Kampf géint Wäisswäschen vun Suen an de Finanzement vum Terrorismus as.

D’Gesetzgebung vun den eenzelnen Länner gëtt an dem Beräich no enger 40 Regelen gepréift.

Deen Test huet de GAFI am Februar dëst Joër vun eiser Legislatioun gemach. An do koumen mier nët gudd ewech.

Mir kruten virgeworf, dass ët eisem Land un juristeschen Mëttelen fehlt fir efficace géint d’Wäisswäschen vun Suen an de Finanzement vum Terrorismus virzegoen.

Dat Schreiwes vum GAFI huet wuel keng direkt rechtlech Konsequenzen fir eist Land. Mee de politeschen Enjeu fir eis Finanzplaz as grouss.

Dir erënnert Iech sécher nach wéi mier 2009 vun der OCDE op déi sougenannten Gro Lëscht vun de Steierparadäiser gesat goufen.

Wat hun mier demols nët alles gemach fir erëm séier vun där Lëscht erof ze kommen.

Abee, grad esou eng Situatioun op e Neits, wollten mier  verhënneren.

Regirung a Chamber hun dofir iwwert déi Summerméint daper geschafft, fir dass déi lescht Woch eng Reih vun néidegen Upassungen un eiser Gesetzgebung am Finanzberäich, grad wéi an eiser Strofprozedur konnten gestëmmt ginn.

Mir hun dat wéngst dem gudden Ruff vun eiser Finanzplaz gemach.

Wann déi international Finanzwelt keen Vertrauen méi a Lëtzebuerg huet, da sinn och d’Clienten vun eisen Banken séier fort.

A grad an dësen Zäiten, kënnen mier eis dat net erlaben.

D’Finanzplaz brengt ëmmerhin 70% vun der gesamter Betriibssteier.

Ronn 42.000 Arbechtsplazen haenken direkt oder indirekt un der Finanzplaz.    

Eleng am August dëst Joër sinn 31 Milliarden €, jo Dir hut gudd héieren, 1.200 Milliarden daer aller lëtzebuerger Frang, dat as drämol eisen Staatsbudget, nei Suen an eis Investmentfongen gefloss.

Mir wëllen eng propper Finanzplaz.

Wäisswäschen vun Suen an Finanzement vun Terrorismus sinn keng Kavaléierdelikter.

D‘Strofdoten an dem Beräich ginn, mat dem sougenannten GAFIpack, duerfir mat méi harden Sanktiounen beluegt.

D‘Bankenopsicht an d‘Justiz kréien d’Mëttelen fir méi efficace géint d’Wäisswäschen vun Suen virzegoen.  

Déi international Justizzesummenarbecht an dem Beräich gëtt vestaerkt.

D’Bankgeheimnis bleiwt fir den eierlechen Bankclient bestoen.

Et daerf awer keen Deckmantel fir kromm Geschaefter sinn.

Jo, léif Nolauschterer, d’Emaennerungen déi mir d’lescht Woch un eiser Finanz-an Strofgesetzgebung gemach hun, hun ët an sech.

Et as e Spagat gewiescht tëschend efficacer Kriminalitéitsbekaempfung an elementaren Rechtsstaatsprinzipien.

D‘Ziel vun daer ganzer Operatioun as awer keen Selbstzweck.

Et geet em d’Kredibilitéit vun eisem Land an senger Bankeplaz.

Mir sinn e klengt Land.

Mir hun eng dichteg Finanzplaz. Doriwwer sin der dobaussen etlecher jalous.

Eis Hausaufgaben ginn duerfir méi genee ënnert d’Lupp geholl.

Mir sinn awer dofir keen schwarzt Schoof.

Als responsabel Politiker, stellen mier eis als CSV, daer Herausfuerderung-am Interessi vun Land a Leit.

Gilles Roth