Eng resolut Politik geint Drogen- an Alkoholmëssbrauch

Eng fräi Tribune vum Annette Kemp-Klemann, Generalsekretärin vun de Chrëschtlech Soziale Fraen, CSF, op RTL 92,5 a Radio 100,7, Juni 2010

KLEMANN_INTERNET.JPGD’Thema “Drogen- an Alkoholmëssbrauch gehéiert leider zum Alldag vu ville vun ons. Mir ginn meeschtens onfräiwëlleg op iergendeng Manéier domat konfrontéiert. Den Drogen- an Alkoholmëssbrauch gëtt vill ze vill ënnerschätzt an onser Gesellschaft.

Déi global Zuel vu Leit, déi illicite Droge consomméieren, gëtt op 200 Millioune geschätzt. Dat man 5% vun der Weltpopulatioun aus. Dat sinn Leit am Alter vun 15 bis 64 Joër. Am meeschte gëtt Cannabis consomméiert, (l59 Millioune Leit), 14 Millioune Leit gräifen zum Cocaïne an 11 Millioune zum Héroïne.

Den Alkoholexzess kënnt an all Altersgrupp fir. Am heefegsten am Alter vun 15 bis 24 Joer, déi sech all Woch an esou Exzesser aloossen. Déi jonk Leit sinn duerch dës negativ Follegen, vill méi ufälleg fir Accidenter a Gewalt. Den Duerchschnëttsalter beim Jugendlechen, de vir d’éischt Alkohol consomméiert leit bei 12,5 Joer. Déi éischt Ivresse leit bei 14 Joer.

D’Mineure hunn e vill ze vill einfachen Zougang zum Alkohol. Duerfir ass et gutt, dass steierlech Mesure geholl gi sinn, fir d’Vente vun den Alkoholpops ze limitéieren.

Als Drog zielt all Métabolite, dat an engem mënschlechen Organismus Verännerungen bewierkt. D’Drogen veränneren d’Conscience an d’Perceptioun. 

D’Opklärung beim Alkohol- an Drogekonsum ass ganz wichteg. Wie Bescheed weess iwwert de Konsum an d’Geforen, kann bestëmmte Risque vermeiden.

E Mënsch, de psychesch a sozial am Gläichgewiicht ass, ass manner ufälleg fir eng “Sucht”. E stabilt, mënschlecht a soziaalt Ëmfeld, d’Prétentioun an d’Gebuergenheet,eng Aarbechtsplaz, d’Schoul, d’Ënnerstëtzung an der Famill an d’Integratioun sinn déi Haaptfakteuren.

Jee no der Perséinlechkeetsconstellatioun rifft de Konsum eng Dependance ervir.

D’physesch Dependance kann mat Medikamenter an Drogenersatzstoffer, ewéi Methadon behandelt ginn. Bei der illegaler Drog sinn et d’Préventioun, d’Traitement vun der Sucht an d’Iwwerliewenshëllef, déi zielen. D‘Virsuerg ass besser ewéi d‘Heelung.

Fir de gesamten, präventiven Aspekt besser ze organiséieren, brauche mir e Rahmengesetz fir d’Präventiv-Medezin. Wichteg ass och d’Reform an der Schoulmedezin. Si muss zielorientéiert an altersspezifësch ausgeriicht sinn. Mir mussen ons verstäerkt ëm d’Präventioun, an der Maladie de la dépendence beméien.

D’Aarbechtsmedezin soll méi staark vernetzt ginn, mat der Basismedezin, d’Präventioun géint den iwwerdriwwene Medikamentekonsum, d’Repressioun vum illegale Commerce vun Medikamenter um Internet duerfir musse mir ons asëtzen.

Mir stinn ganz kloer hannert dem nationale Methadonsusbstitutiounsprogramm.

Onse Gesondheetsminister huet nach ëmmer näischt realiséiert, a punkto kontrolléiert Heroïnezoudeelung un d’Schwéierstofhängeger. Dat wär e Moyen fir géint Beschaafungskriminalitéit virzegoen.

Ech soen Iech villmools Merci fir Är Opmierksamkeet! 

Annette Kemp-Klemann, CSF Generalsekretärin, Juni 2010