Débat d’orientation sur la réforme du système de pension

“…De Pensiounssystem, deen elo honnert Joer al gëtt, dat éischt Gesetz ass vum 6. Mee 1911, ass am Laf vun der Zäit gewuess. En ass revidéiert ginn, verbessert ginn. En huet gesetzlech wesentlech Ännerunge matgemaach. E stellt haut wirtschaftlech a sozial en Element duer an eiser Gesellschaft, wat net ewech ze denken ass a wou een och net liichtsënneg dermat sollt ëmgoen.

Allerdéngs muss et esou sinn, dass dee Regime och net figéiert däerf bleiwen. Et muss een e kënnen upassen, esou wéi mer et an der Vergaangenheet gemaach hunn, an et muss een och deene gesellschaftlechen Entwécklunge wäitgehend Rechnung droen…”