Strategie 2020: Reformen fir soziale Fortschrëtt a Wuelstand

D’Ried vum CSV Deputéierte Norbert Haupert zur Orientéierungsdebatt iwwer de Strategiepabeier Europa 2020

D‘Strategie 2020 ass d‘Suite vun der Lissabon-Strategie, dem éischte Strategiepabeier vun der Kommissioun, deen d’Prioritéite vun der europäescher Politik fir déi éischt zéng Joer vun dësem Jorhonnert définéiert huet, andeen dëst Joer ofleeft. D’Strategie 2020 ass manner ambitiéis wéi hir Virgängerin, mä duerfir leet se méi raisonnabel Ziler vir, déi och den Ufuerderunge an den Usprëch vun enger moderner Gesellschaft entspriechen.