D’lescht Woch war um Ordre du Jour vun der Chamber d’Reform vun der Assurance accidents. Mandatéierte Spriecher fir d’CSV war den Deputéierten an CSV Generalsekretär Marc Spautz. An enger fräier Tribune op RTl 92,5 a Radio 100,7 explizéiert hien dës wichteg Sozialreform
Di lescht Woch ass an der Chamber, quasi unanime, d’Reform vun der Assurance accidents gestëmmt ginn.
D’Ufänk vun der Assurance accidentsginn zréck op den Ufank vum vireschte Joerhonnert. D’Gesetz vum 5. Abrëll 1902 huet fir d’Aarbechter di obligatoresch Assurance géint Accidenter agefouert. Kuerz nom 2. Weltkrich war d’Assurance accidents dann ob all Beruffsgruppen erweidert.
Di grondleeënd Reform vun der Assurance accidents stoung schon an der Regierungserklärung vun 2004. An der Regierungserklärung vum 29. Juli 2009 gouf nach emol ënnerstrach, datt d’Reform vun der Assurance accidents sollt zu engem Enn bruecht ginn.
Dat iwwerschaffte Gesetz begräift eng ganz Rei vu wichtegen Neierungen.De Régime special fir Staatsbeamten an –Employéengëtt fale gelooss. Dës Beruffskategorien ginn an de Régime général integréiert. Dann ass et esou, datt d’Assurance accidents och gëllt fir déi Benevolen, déi am Beräich vun de Services de secours souwéi am sozialen, edukativen oder therapeuteschen Domaine bei enger staatlech agrééierter Associatioun aktiv sinn.
Eng weider wichteg Neierung ass, datt eng d’Zort vu Bonus/Malus Systemagefouert gëtt, fir d’Entreprisen ze sensibiliséieren genuch Virsiichtsmoossnamen ze huelen am Beräich vun der Präventioun vun den Accidenter op der Schaff.
Di wichtegst Ännerungen betreffen d’Prestations en espèce, d.h. Geldleeschtungen. Esou ass nei, datt, d’Regelungen vun den Indemnitéiten am Fall vu Materialschued geännert ginn.
Di zentral Innovatioun ass awer sonner Zweiwel déi separat Evaluatioun an d’Indemnisatioun vun der Rente accident an dem effektiven Lounausfall.
D’Rente partielle entschiedegt exklusiv fir de Lounausfall, deen duerch en Aarbechtsaccident oder eng Maladie professionnelle bedéngt ass. Se gëtt bezuelt vun dem Moment un, wou d’Aarbecht erëm opgeholl gëtt bis zur Pensioun. Se ass besteiert an ënnerläit de Cotisations sociales, sou datt den Assuré dono seng Pension vieillesse kritt, esou wéi wann hien keen Accident gehat hätt.
Anerersäits entschiedegt d’Assurance accidents di sougenannt Préjudices extrapatrimoniaux, also déi net verméigensrechtlech Préjudicen vu kierperlechen Schied. Héi gëtt d’Affer vun engem Aarbechtsaccident entschiedegt fir Préjudicen, déi net a Geld ze moosse sinn. Dat kann z.B. en ästhetische Schued sinn.
Am Fall vun engem déidlechen Accidenthunn déi Hannerbliwwen e Recht op eng Rente de Survie déi, zesummen mat der Pension de Survie den Niveau vun der Pensioun erreecht, deen se kritt hätten fir de Fall, wou den verstuerwenen Assuré bis 65 Joer kotiséiert hätt. Och de moraleschen Schued vun den Hannerbliwwenen kann duerch e Forfait entschiedegt ginn.
Di grondleeënd a bedeitend Reform vun der Assurance accidents bréngt vill Verbesserunge mat sech. E Punkt steet nach ob: Nämlech d‘Aféierung vun engem Taux uniquebei de Kotisatiounen fir d’Assurance accident. Et wär gudd, wann hei d’Solidaritéit tëschent de Betriber, déi jo d‘Beitragszueler sinn, géif spillen.
An dem Sënn begréisst d’CSV d’Iwwerleeung vum Premier Jean-Claude Juncker am Cadre vun der Tripartite, de Cotisatiounssatz vun de Banken unzehiewen a parallel dozou de Cotisatiounssatz vun de mëttelstännege Betriber erofzesetzen. Hei gëtt de Mëttelstand a besonnesch de Bau an d’Handwierk konkret entlaascht an Banken droe bäi zur Kompetitivitéit vun eiser Wirtschaft.
Marc Spautz, Rapporter vun der Reform vun der Assurance accidents, RTL 92,5 a Radio 100,7, Abrëll 2010