Zesummen no vir

“D’Ziel vun der CSV International ass et, de Net-Lëtzebuerger d’Integratioun an der CSV an esou och am politeschen Liewen zu Lëtzebuerg ze erliichteren. D’CSV ass di éischt Partei zu Lëtzebuerg di op dësen Wee geet an esou den Net Lëtzebuerger d’Méiglechkeet gëtt, sech besser kennen an d’Aarbechten vun der Partei anzebréngen.” De Maurice Bauer, Member vum CSV Nationalkomitee an enger fräier Tribune op RTL 92.5

Fir d’CSV léist sech dsSozial Kohäsioun net op engem Punkt festmaachen, mä spillt nieft der Integratioun a ville politeschen a sozialen Beräicher. Dës Koalitioun, an der Suite vun der vireschter, mat enger staarker CSV, huet di sozial Kohäsioun an eisem Land bis elo gestäerkt, an et ass vir d’CSV eng Prioritéit, datt dsSozial Kohäsioun och weiderhin am Mëttelpunkt wäert stoen. Dëst ëmsou méi an engem Moment, wou eist d’Land virun groussen Erausfuerderungen an wichtegen Entscheedungen steet.

D’CSV huet an der Vergaangenheet ëmmer erëm hier Responsabilitéit geholl a wichteg Decisioune fir eist Land matgedroen. Hei sief nëmmen um d’Ëmsetzen vum Statut Unique erënnert oder un di säit laangen Joren wäitsiichteg Steierpolitik vun der Regierung, wou een kloer den Wellen fir méi sozial Kohäsioun gesäit, doduerch dat Kafkraaft gestäerkt gouf, duerch weider Adaptatiounen vun der Steiertabell un d’Inflatioun nieft enger Rei vu neien Steierfräibeträg, Abattementen a Steierkrediter oder awer de Renten- a Pensiounsajustement genau so wei d’Upassung vum Mindestloun a vum RMG un di allgemeng Lounentwécklung an den leschten Joren. Wann elo an den nächste Wochen an der Tripartite diskutéiert wäert ginn, dann ass et fir d’CSV ganz wichteg, dës sozial Kohäsioun an eisem Land och weiderhin ze stäerken, fir dat jidderee weiderhin vun hir profitéiere kann.

Grad an wirtschaftlech méi schwéieren Zäiten sinn all dës Moossnamen een staarkt Zeechen.

Och déi volontaristesch Integratiounspolitik vun der Lëtzebuerger Regierung an den leschten Joren am Sënn vun engem Méi un sozialer Kohäsioun dréit di kloer Handschrëft vun der CSV. Op d’Gesetz iwwert d’Erofsetzen vun den Aschreiwungsfristen vun den Net Lëtzebuerger Wieler bei den Europa- a Gemengewahlen op dräi Méint oder d’Gesetz iwwer d’Integratioun vum Marie-Josée Jacobs bedeiten eng Verdéiwung vun der Integratioun vun de Net-Lëtzebuerger. D’Gesetz iwwert d’Aféierung vum Congé Linguistique an natierlech dei besonnesch wichteg Reform vum Nationaliteitegesetz mat der Aféierung vum Prinzip vun der Duebeler Nationalitéit bedeiten besonnesch wichteg Moossnamen fir d’Integratioun an e Méi un sozialer Kohäsioun. Hei bei dëser Reform, déi vum Luc Frieden ugestouss ginn ass, wei och bei allen aneren Efforten, déi op méi Integratioun ofzielen, ass et d’Lëtzebuerger Sprooch, déi et erlaabt, d’Saache beieneen ze bréngen. Die éischt Zuelen iwwert d’Ufroen fir duebel Nationalitéit fir d’Joer 2009 weisen den enorm groussen Succès vun der duebeler Nationalitéit hei am Land an confirméieren dës Entscheedung.

Op dësen Projeten opbauend, ass d’Marie-Josée Jacobs, Ministesch zoustänneg fir d’Integratioun, dobäi een nationalen Plang fir d’Integratioun hei am Land auszeschaffen, wou d’Zivilgesellschaft och enk mat an den Aarbechten agebonnen gëtt.

Ee weideren wichtegen Schrëtt ass och den Projet vun der Regierung, fir d’Méiglechkeet ze schafen, dass bei den Gemengewahlen Net-Lëtzebuerger als Buergermeeschter oder Schäffen kennen gewielt ginn.

D’CSV ënnerstëtzt dës volontaristesch Integratiounspolitik vun der Regierung. 

Fir all déi Leit, déi net oder nach net lëtzebuergesch schwätzen, huet d’CSV eng zousätzlech Offer geschafen. Eng Struktur mam Numm CSV International gouf gegrënnt an adresséiert sech un all Mënsch, den net oder net esougutt lëtzebuergesch schwätzt oder awer un jidder eenzelnen, den interesséiert ass hei matzeschaffen. D’Ziel vun der CSV International ass et de Net Lëtzebuerger d’Integratioun an der CSV an esou och am politischen Liewen zu Lëtzebuerg ze erliichteren. D’CSV ass di éischt Partei zu Lëtzebuerg di op dësen Wee geet an esou den Net Lëtzebuerger d’Méiglechkeet gëtt, sech besser kennen an d’Aarbechten vun der Partei anzebréngen. 

Wann Dir also selwer oder soss Leit kennt, dei interesseiert sinn fir an dem CSV International matzeschaffen oder zu aneren politeschen Sujeten, fannt Dir all Informatiounen op www.csv.lu. Mir invitéieren iech och op eise Stand op dem Festival des Migrations, des Cultures et de la Citoyenneté dëse Weekend an de Foireshalen um Kierchbierg laanscht ze kommen an mat eis zesummen ze diskutéieren. 

Fir d’CSV ass a bleiwen d’Integratioun an d’sozial Kohesioun hei an eisem Land absolut Prioritéiten. 

Maurice Bauer, RTL 92,5, 15. Mäerz 2010