Changement des limites communales de Bettembourg et de Roeser

Ried vum Rapporter Gilles Roth zum Gesetzesprojet 6018







PL 6018 concernant le changement des limites communales de Bettembourg et de Roeser – Gilles Roth

Haerr President,
Dir Dammen an Dir Haerren,

Mat dem Gesetzesprojet 6018 ginn d’Gemengegrenzen tëschend Betebuerg a Réiser geännert.

Keng vun denen zwou Gemengen gëtt dobäi méi grouss. Keng Gemeng gëtt méi kleng.

Et gëtt ganz einfach e géigesäitegen Tosch gemach vun jeweils 5ha, 54a an 65 ca.

An wéi et sech bei gudden Noperen esou huet, gëtt keng Soulte bezuelt.

Haerr President,

D’Emaennerung vun dësen Gemengegrenzen as schons am Dezember 2008 vun den Gemengeréit vun Betebuerg a Réiser eestëmmeg gudd geheescht ginn.

Si muss awer duerch e Gesetz approuvéiert ginn. Dat verlangt den Artikel 2 vun eiser Verfassung.

Wat sinn dann elo d’Ursachen fir dësen Changement vun den Gemengegrenzen?

Et ginn der eigentlech dräi,  un der Zuel:

Eischtens. D’Kläranlag STEP läit op der Gemengegrenz tëschend Betebuerg a Réiser. Dat féiert zu Schwieregkeeten bei engem Ausbau, wou dann gegebenefalls 2 Baugenehmigungen je no Laag vun de Gebäier noutwendeg sinn. Dofir ginn elo 5,12 ha Land vun der Gemeng Betebuerg un d’Gemeng Réiser, fir dass déi ganz Kläranlaginstallatiounen op dem Gebitt vun der Gemeng Réiser leien.

Zweetens. Beim Bau vun der Autobunn gouf et demols verschidden Aennerungen un der Strooss tëchend Betebuerg an Léiweng.

Haut leien 4 Häiser un der Betebuergerstross hannert dem Aganksschëld vun der Uertschaft Léiweng also op dem Gebitt vun der Gemeng Réiser.

Dës Häiser sinn un d‘Wasserleitungsreseauen vun der Gemeng Betebuerg ugeschloss.

D’Dreckskëschten ginn iwwert d’Gemeng Betebuerg eidel gemach, an d’Kanner ginn och op Betebuerg an d’Schoul.

Praktesch sinn dës Leit eigentlech Bierger vun der Gemeng Betebuerg, mee administrativ gehéieren si awer zur Gemeng Réiser.

Hei gëtt elo d’Gemengegrenz esou veréckelt, dass dës Insel dem Kadaster no genannt „ route de Livange“ zur Gemeng Betebuerg geschloen gëtt, an duerfir d’Gemeng Réiser 1,71 ha Land oftrëtt.

Drëttens. Eng aehnlech Situatioun hun mir lanscht d’Strooss déi Richtung Helléng geet, südlech vun dem Betebuerger Maercheparc.

Hei läit déi Seatsgarage an 2 Häiser op dem Gebitt vun der Gemeng Réiser.

D’Müllabfuhr an Waasserversuergung geschitt awer iwwert d’Gemeng Betebuerg. Hei zédéieren déi Réiser denen Betebuerger 1,82 ha Land fir déi Situatioun ze regulariséieren.

D’Gemeng Réiser verléiert awer doduerch nët hieren Statut als Grenzgemeng. Si stéisst weiderhin un Frankräich.

Fir den Tosch vun den Terraien insgesamt ze equilibréieren gëtt dann d’Gemengegrenz tëschend Betebuerg a Roeser iwwert de Bann nach liicht verreckelt, esou dass keng Soulte méi ufällt.

Haerr President,

Ech verweisen fir de Rescht op mäin schrëftlechen Rapport, deen estëmmeg an der Interieurskommissioun ugeholl gouf an den recommandéiert dësen Gesetzesprojet ze stëmmen.

Ech ginn dofir fir mäin Deel d’ Zoustëmmung vun der CSV Fraktioun.

Ech soen Merci fir d’Nolauschteren.        

 

Gilles Roth