“Computer, Internet, GSM, Blackberry… Nei Medien spillen eng ëmmer méi wichteg Roll am Liewe vun eise Kanner.” Fräi Tribune vum CSV Deputéierten Mil Majerus op RTL 92,5 a Radio 100,7
Dobäi wierkt dann d’Televisioun schonns bal wéi en Oldie. Trotzdem bleift just si dee populäerste Medium bei de Kanner an de Jonken. Si kucken se am Duerchschnëtt iwwer 2 Stonnen den Dag. A bal d’Halschent hunn hiren eegenen Apparat an hirer Zëmmer. 80 % vun de Kanner a 95 % vun de Jonken sinn Onliner, d.h. si sinn regelméisseg um Netz. D’Halschent vun de Kanner a 95 % vun deene Jonken hunn en eegenen Handy, mat deem si telefonéieren, SMSën verschécken, Musek lauschteren, fotograféieren a filmen.
D’CSV freet sech iwwer d‘Chancen, déi eis Medien Jonk an Al erméiglechen:
– nei Formen vu Kommunikatioun (kreativ, plural an interkulturell),
– e räicht Instrument beim Léieren a Schaffen,
– eng interessant Fräizäitoffer,
– flott Ausdrocksméiglechkeeten fir perséinlech an artistesch Zwecker.
Op der anerer Säit sti grouss Risiken a Geforen.
– D’Welt vun de Medien ass dacks genuch wäit wech vun der Realitéit. Si ass virtuell, gekënschtelt, e Stéck wäit friem.
– Besonnesch den Internet bitt sou eng Onmass vun Informatiounen, dass kaum e Mësch den Iwwerbléck kritt.
– Erschreckend sinn nei Formen vu Gewalt a Mëssbrauch. Et ginn z. Bsp. um Web iwwer 4,2 Milliounen pädopornographesch Siten.
– An deem Spill do sinn d’Kanner an déi Jonk net nëmmen Affer. Si benotze selwer d’Medien, fir anerer ze mobben an z’erpressen.
– Ëmmer méi Jonker gi süchteg, hänken Nuechte laang virum Schierm a si regelrecht krank.
Selbstverständlech däerfen Elteren, Enseignanten an Erzéier de Kapp net an de Sand stiechen. Dat ënnersträicht och de Rapport 2009 vun eisem Lëtzebuerger Ombudscomité fir d’Kannerrechter.
Als CSV-Fraktioun wësse mir, dass op deem Plang och déi politesch Responsabel gefuerdert sinn. Et besteet dobäi e globalen Handlungsbedarf op ënnerschiddlechen Ebenen. Ech nennen der siewen:
1. D’Medienerzéiung vun de Kanner an deene Jonken. Dat ass haaptsächlech d’Aufgab vum Elterenhaus, vun der Schoul a vun de Maisons Relais.
2. Eng adequat Elterenaarbecht.
3. D‘Aus- a Weiderbildung vun den Pädagogen. Dozou gehéieren verbindlech Lernzieler an d’Ausschaffen vu qualitativ héichwäertegen didakteschen Ënnerlagen.
4. De Volet vun der Repressioun.
5. Déi technesch Ofsécherung vun de Computeren.
6. D‘Sensibiliséierung vun de Publizisten.
7. Spezifesch Therapieangeboter fir Kanner oder Jonker, déi süchteg sinn oder duerch d’Medien traumatiséiert goufen.
Ech schléissen of mat engem Zitat, wat bei den Thema vun der Medienerzéiung gutt passt:
„Ne subis pas ton futur, bâtis le! »
Mil Majerus, RTL 92,5 a Radio 100,7, 8. Februar 2010