Wat bréngt eis d’Joer vun der Biodiversitéit

“De Klimawandel a seng negativ Konsequenzen fir d’Mënschen an d’Ëmwelt stoungen am Mëttelpunkt vun den Diskussiounen vun der Konferenz zu Kopenhagen. Et ass leider net zu dem gewënschten Resultat komm. Niewent der Suerg ëm de Klima maachen sech awer ëmmer méi Mënschen hir Gedanken iwwer den Zoustand vun der Biodiversitéit op eisem Planéit.” Fräi Trib!ne vum Marcel Oberweis, CSV Deputéierten op RTL 92,5 a Radio 100,7, Januar 2010

D’Vereente Natiounen hunn duerfir dat Internationaalt Joer 2010 vun der Biodiversitéit d.h. déi genetesch Diversitéit an d’Ökosystemer, ausgeruff. 

Domat sollen d’Mënschen invitéiert ginn, sech verstäerkt fir d’Planzen an d’Déieren anzesetzen. De Wäert vun der biologescher Diversitéit gëtt op ronn 33.000 Milliarden Dollar geschätzt. 

Et sinn zurzeit ronn 2 Milliounen Arten vun Déieren a Planzen wëssenschaftlech erfaasst. Leider verschwannen der ronn 150 pro Dag.
D’Berechnungen vun de Wëssenschaftler soen eis, dass d’Biodiversitéit tëschent 1970 an 2005 ronn 27 % zeréckgaangen ass an d’Naturschutzorganisatiounen soen eis, dass ronn 18.000 Arten virun dem Ausstierwen stinn. 

Doriwwer eraus mussen mir och derfir suergen, dass déi liewenswichteg Ökosystemer net weider zerstéiert ginn. Dess Systemer liwweren eis e.a. de Sauerstoff an si bannen den Kuelendioxid. 

Fir d’Liewen op dem Planéit ze garantéieren, brauche mir sécherlech Pëtrol an Äerdgas, mir brauchen awer virun allem eng intakt Ëmwelt.
Leider verursaachen d’Mënschen duerch hiert kuerzfristegt Denken grouss Schiet un hirer Ëmwelt. 

Och wa Lëtzebuerg e klengt Land ass, da musse mir den Appell zum Joer vun der Biodiversitéit eescht huelen. 

Bei eis ginn Flächen duerch d’Infrastrukturen iwerbaut, verschwannen Déieren- a Planzenarten an doriwwer eraus wichteg Elementer vun eisen Ökosystemer. 

Esou sinn an de leschte 50 Joeren ronn 80 % vun de Fichtgebidder verschwonnen an eng ganz Rei vun Drechewissen an Uebstbongerten.
Den Aussoen vum Ëmweltministère no, muss een dervun ausgoen, dass ronn 54 % vun den Déieren a ronn 24 % vun den Planzen zurzeit engem net nohaltege Stress ënnerleien. 

Mat dem Nationale Plang fir Naturschutz huet sech d’Politik dat néidegt Instrument an d’Hänn ginn, fir de Liewensraum vun de Déieren a Planzen ëmmer méi ze protégéieren. 

Ëmmerhin sinn schon 18 % vun eiser Landesfläch als Naturschutzgebidder NATURA 2000 ausgewisen. 

Fir dass dat Internationaalt Joer vun der Biodiversitéit 2010 hei zu Lëtzebuerg dee noutwennege Succès kritt, ginn eng ganz Rei vun Aktivitéiten duerchgeféiert, souwuel vu staatlecher wéi vu kommunaler a privater Säit. 

Och eis Schoulen mussen hei staark agebonne ginn. 

Et muss jidderengem Matbierger bewosst ginn, dass dat laangfristegt Iwwerliewen vun der Menschéet staark vun dem gudden Zoustand vun eiser Biodiversitéit ofhänkt. 

D’CSV setzt doriwwer eraus ganz besonnesch op d’Jugend, well si jo déi ass, déi sech mat der nohalteger Entwécklung vun eiser Gesellschaft nach vill méi auserneen setze muss. 

Marcel Oberweis, CSV Deputéierten, 18 Januar 2010, Fräi Tribüne op RTL 92,5 a Radio 100,7