2010: E Joer mat groussen Erausfuerderungen

“Et gëllt, sech elo dësen Erausfuerderungen ze stellen an zesummen no Léisungen ze sichen an dës och ëmzesetzen. Well wat déngt et eis, wann de Constat gemat gëtt, awer de Courage fehlt, fir oft och onbequem Mesuren ëmzesetzen? An hei spillt dann och de Lëtzebuerger Modell, an deem et bis ewell ëmmer méiglech war, nodeems jiddwereen Waasser an säin Wäin geschott huet, och eng Léisung fir d’ganz Land ze fannen. Hei spillt d’Solidaritéit eng enorm wichteg Roll.” Den CSV Generalsekretär Marc Spautz an enger fräier Tribune op RTL 92,5, Meindes de 4. Januar 2010

(…)

D’Joer 2010 stellt Lëtzebuerg an all seng Verantwortlech an der Politik virun grouss Erausfuerderungen an dat net nëmmen um wirtschaftlechen mais och um sozialen an gesellschaftlechen Plang. D’CSV ass de Garant, dat 2010 keen alleng mat sengen Suergen hei zu Lëtzebuerg brauch ze sinn. Jiddereen huet Recht op Geheier an dat schenken mir Iech. Well Är Problemer ginn eis eppes un.

2008 deels awer virun allem 2009 waren Joeren, déi ënnert dem Damoklesschwert vun der Banken- an duerno der Wirtschaftskris stoungen. 2010 steet och ënnert dësem Virzeechen. Déi meescht hunn matkritt, dat mir eng Wirtschafts- a Bankenkris hunn, déi mannst vun eis erliewen perséinlech dës Kris.

Ausser deenen perséinlech Betraffenen, déi hir Plaatz an den leschten Méint verluer hunn oder, wat méi oft den Fall ass, an Kuerzaarbecht sinn, spiert den Lëtzebuerger bis ewell kaum d’Auswierkungen vun dëser weltwäiter Kris. 

Et ass awer ze fäerten, dat sech dëst am nächsten an am iwwernächsten Joer wäert änneren an ausbreeden wäert. Elo schonns ass et fir Jonker, déi nei op den Aarbechtsmaart kommen, méi schwéier ginn, eng Plaatz ze fannen. Dëst beleeën d’Zuelen vum nationalen Aarbechtsmarché. D’Regierung versicht, dëser Entwécklung durch nei an der Kris adaptéiert Mesuren fir déi Jonk entgéint ze steieren, mais wann d’Economie keng Platzen huet oder offréiert, dann kann och déi beschten Mesure näischt ausriichten.

Et gëllt, sech elo dësen Erausfuerderungen ze stellen an zesummen no Léisungen ze sichen an dës och ëmzesetzen. Well wat déngt et eis, wann de Constat gemat gëtt, awer de Courage fehlt, fir oft och onbequem Mesuren ëmzesetzen? An hei spillt dann och de Lëtzebuerger Modell, an deem et bis ewell ëmmer méiglech war, nodeems jiddwereen Waasser an säin Wäin geschott huet, och eng Léisung fir d’ganz Land ze fannen. Hei spillt d’Solidaritéit eng enorm wichteg Roll.

Awer net nëmmen muss de Rimm anescht geknëppt ginn, gefrot ass och eis Economie op nei an méi verschiddentlech Standbeen‘er ze verdeelen. Dat dëst net vun haut op muer geet, ass gewosst. Dat et awer muss gemaach ginn, ass och gewosst. Hei musse mir och un eis selwer schaffen:

Weiderhin ze soen, dat wier alles schéin a gutt ,mais net an mengem Gaart oder mengem Duerf, ass eng Approche, déi mir eis net méi kënnen erlaben.

Et sief dann, mir wären bereet, déi nächsten Zäit op vill Gewinntes ze verzichten. D’Beem wuessen bekanntlech och zu Lëtzebuerg net an d‘Onendlecht

Wann mer net wëllen ganz béiss um Buedem landen, hunn mir all Interêt, esou séier wéi méiglech zesummen ze kucken, wou mer eis vun verschidden léiwen Gewunnechten trennen kënnen.

Net nëmmen am groussen Beräich Economie stinn Ännerungen virun der Dir. Och am sougenannten Beräich vun der Gesellschaftspolitik mussen Verännerungen ëmgesat ginn. Et ass jo oft schonns esou, dat d’Realitéit sech an eiser Mëtt verännert hutt, awer eis Gesetzer deem nach keng Rechnung droen. Dat heescht awer net permanent an direkt dem sougenannten Zäitgeescht noginn an op al a gutt Traditiounen verzichten. Mais et heescht hei, déi gesond Dosis ze fannen, fir och als Partei op d‘Realitéit vun eiser Gesellschaft ze reagéieren.

Mir all zesummen, Politik, Wirtschaft, Gewerkschaften, kuerz gesot d‘Gesamtgesellschaft kennen et packen, zesummen all d‘Erausfuerderungen unzegoen an ze meeschteren.

Marc Spautz, CSV Generalsekretär, 4. Januar 2010