Presentatioun vum Budgetsrapport 2010 duerch de Rapporter Lucien Thiel

Ried vum Lucien Thiel zum Budgetsrapport 2010

Et ass nees esouweit. Wann d’Chamber sech iwert de Budget hiermecht, da geet d’Jahr op sein Enn zou, da sin de Kleeschen an d’Chrëschtkënchen nët méi weit an da rabbelt ët an de Buttekskeesen.

Daat wert och dët Jahr nët vill aanescht sin. An daat opwuel jiddereen spiert datt irgend eppes sech geännert  huet an datt ët nët méi grad esou ass wéi soss, nët méi esou wéi mir ët an deene letzen 2 Johrzengten gewinnt waren, wéi ët dem Gros vun eis Lëtzebuerger dach nët allze schlecht gaangen ass.