Ee Parlament fir déi Jonk!

Eng fräi politesch Tribün vum Serge Wilmes, CSJ-Nationalpresident, op RTL Radio 92,5, Meindes, 30. November 2009

Léif Nolauschterinnen a Nolauschterer,

zënter leschter Woch gëtt et hei zu Lëtzebuerg niewent der Chamber nach ee Parlament an zwar ee Parlament fir déi Jonk, déi tëschent 14 a 28 Joer al sinn. Joerelaang gouf vun alle Säiten eng méi staark an breet politesch Bildung fir déi Jonk gefuerdert an elo ass endlech ee wichtegt Element vun esou engem Bildungskonzept, nämlech d’Jugendparlament, wouer ginn. Och d’CSJ huet sech vun Ufank un fir dësen innovativen Projet agesat a bei der Ëmsetzung aktiv matgeschafft. Mir waren an mir sinn an der CSJ nach ëmmer der Meenung, datt et niewent de Jugendparteien hei am Land eng politesch Plattform soll ginn, wou Jonker vun allen Borden, mat deene verschiddenste Meenungen zesummekommen, fir ze debattéieren a fir sech Gedanken ëm hir Zukunft an déi vum Land ze maachen.

Well ewéi widderhuele dach praktesch all Politiker ëmmer erëm esou gären: Déi Jonk sinn d’Zukunft vum Land. Et gëtt wuel kee Saz, deen eng méi banal an dach wiesentlech Wourecht enthält ewéi dësen. Jo, deene Jonke gehéiert ouni Zweiwel d‘Zukunft. Mä fir datt dat och de Fall wäert sinn, ass et wichteg, datt mir Jonker eis och fir d’Zukunft interesséieren an eis iwwerleeën, ewéi et hei am Land weidergoe soll, wa mir gären hätten, datt dëse Saz net ee komplett eidele bleiwe soll.

Leider sinn an eiser Wuelstandsgesellschaft awer ëmmer manner Jonker bereet, fir sech aktiv fir hir Matmënschen anzesetzen an hiert Liewe selwer an de Grapp ze huelen. An dobäi stinn onofhängeg vun der aktueller Wirtschaftskris eng Hellewull vun Erausfuerderunge virun der Dier, déi besonnesch eis Jonker betreffen, ewéi zum Beispill d’Sécherung vun eisem Pensiouns- a Gesondheetssystem, d’Bekämpfung vum Chômage, d’Schafe vu präiswertem Wunnengsraum, d’Reform vun dem Schoulsystem, de Schutz vun eiser Ëmwelt, Diversifizéierung vun der Wirtschaft fir nëmmen déi akuteste Problemer ze nennen.

D’Schafung vun engem Jugendparlament bitt deemno deene Jonken eng eemoleg Geleeënheet fir d’Gesellschaft op dës Erausfuerderungen an hir Léisungsvirschléi opmierksam ze maachen. D’Jugendparlament huet also d’Potential, fir déi gemeinsam Stëmm vun der Jugend hei zu Lëtzebuerg ze ginn an domatt eng wichteg gesellschaftlech Roll ze spillen. An dach mussen déi Jonk, déi bei deem Projet matmaachen, sech eppes kloer bewosst sinn: Jonk ze sinn alleng ass leider kee Kritär, fir datt op ee gelauschtert gëtt. Nëmmen wann d’Jugendparlament niewent senger méi formativer Aufgab och fundéiert Meenungen/Stellungen zu de politesch relevante Sujeten hëlt an de Kontakt zur Politik an der Zivilgesellschaft sicht, wäert et op sech opmierksam maache kënnen. Geschitt dat net, da riskéiert dee wäertvolle Projet inhaltlech genee esou eidel ze bleiwen ewéi bis dato deen elo just zitéierten Saz, datt déi Jonk d’Zukunft vum Land sinn!