D’Konferenz vun Kopenhagen muss en Erfolleg ginn

De Marcel Oberweis iwwert Erausfuerderungen vun der Emweltkonferenz vu Kopenhagen an enger fräier Tribune







Léif Nolauschterer,

Mir stinn virun groussen Erausfuerderungen an Décisiounen.

Et handelt sech net em d’Léisung vun der aktueller Finanz- a Wirtschaftskrise. Villméi em d’Upassen un déi schleichend Konsequenzen vun dem Klimachangement.

Op der Emweltkonferenz zu Kopenhagen am Dezember mussen sech d’Länner iwer en neien Protokoll zum Klimaschutz éens ginn – de Kyoto-Protokoll aus dem Joer 1997 léft am Dezember 2012 aus.

Et ass de Klimawiessel, dén elo schon d’Liewensqualitéit vun de Menschen bedréit.

Duerch Hongersnouten, Iwerschwemmungen, Krischer em Drenkwasser mussen Milliounen Menschen an den Entwecklungslänner hir Héemecht verlossen. Dess Menschen hunn den Klimawiessel awer net erfirgeruff.

An et kennt doriwer eraus och zu engem héichen Verloscht vun der Biodiversitéit.

D’Wessenschaftler warnen eis scho lang, dass sech d’Temperatur vun der Atmosphär duerch den onmossegen Ausstouss vun Dreiwhausgasen staark erheicht.

Si fuerderen duerfir, dass duerch de neien Accord vu Kopenhagen derfir gesuergt gett, dass d’Erheichung net méi wi 2 Grad Celsius bis zum Enn vun dessem Joerhondert bedroen dierf.

D’Europäesch Unioun geseit am Klimawiessel a sengen Konsequenzen doriwer eraus eng Gefor fir de Fridden an der Welt.

Si wellt duerfir bis 2020 hir CO2-Emissiounen em 20 bis esouguer 30 % reduzéieren, d’Energie em 20 % méi efficace notzen an 20 % erneierbar Energien am Energiemix asetzen, an dat par Rapport zu 1990. Vun den Industrielänner gett erwart, dass si d’Emissioun vun Dreiwhausgasen em 50 % bis 2050 par Rapport zu 1990 reduzéieren mussen.

Dat héescht – et muss zu engem Emdenken am Energieverbrauch ann an der Energieversuergung kommen.

D’Konferenz vu Kopenhagen muss duerfir déi nei Rumm opspanen ann déi néideg Mesuren fir de liewenswichtegen Upassungsprozess virléen. D’Industrielänner sinn hei am méeschten gefuerdert.

Hei zu Letzebuerg brauchen mir duerfir den nohaltegen Asatz vum Staat, de Gemengen, de Betriiber an den Haushalter. D’Energie muss vill méi efficace angesat an esou  d’Emissioun vun den Dreiwhausgasen reduzéiert ginn.

Nemmen duerch é responsabelt Verhalen gett déi gewenschten Opbrochstemmung erfir geruf.

Mat der Schafung vun dem Ministär vun der Nohalteger Entwecklung huet Letzebuerg en éndeitegt Signal am Dossier – Klimawiessel – gesat.

D’CSV wärt sech och weider mat vill Nodrock an dessem wichtege Prozess engagéieren, esou dass d’Ausso gellt: „D’Konferenz vun Kopenhagen muss en Erfolleg ginn“.

 Merci fir d’Nolauschtern.