Zesumme no vir

Aus der fräier Tribüne vum CSV Fraktiounspresident, Jean-Louis Schiltz op RTL 92,5 a Radio 100,7

Dës Woch steet d’Schoulrentrée fir d’Kanner, d’Studenten, d’Elteren an d’Enseignanten –deemno fir vill vun eis-, am Mëttelpunkt. 

Awer och di politesch Rentrée réckelt méi no. 

D’CSV Fraktioun ass schonns zënter e puer Wochen mat de Virbereedungsaarbechte fir déi Rentrée beschäftegt. 

Den Hierscht an doriwwer eraus déi nächst Zäit wäert am Zeechen vun der Kris an de Konsequenzen vun därselwechter stoen. Dat ass esou, ob mir et wëllen oder net. Et ass déi heftegst Kris säit Jorzéngten. Och wann et op verschiddene Plazen eischt zaart Zeeche vu liichter Reprise a luesem Nees-Unzéie ginn, esou kënne mer haut net soen, op dat alles elo durabel ass a wäert op Dauer unhalen. Deemno musse mer virsiichteg bleiwen. An alle Fäll wäerte mer d’Kris an hier Konsequenzen zolidd op der Recette-Säit an de Budgeten 2010 an 2011 ze spiere kréien, zousätzlech zu deenen negativen Effeten déi d’Kris elo schonns op der Recette-Säit 2009 huet . 

De Budget fir dat nächst Joër stellt eis viru grouss Erausfuerderungen. Mir als CSV stinn an deem Beräich -wei an all deenen aneren- net fir eng Hauruckpolitik. De Konjunkturpak muss weidergefouert ginn, fir dat seng Wierkung voll zum Droe kennt. D’Fonctionnementskäschte vum Staat mussen no enne gedreckt ginn, de sozialen Augläich muss ee vun de Grondparametern vum Budget sinn – dat ass a Krisenzäiten vläicht nach mei wichteg wei an Net-Krisenzäiten-, d’Verscholdung däerf net aus dem Rudder lafen an déi Schold déi gemaach gëtt -jo muss gemaach ginn-, muss do sinn, fir Zukunftsinvestitiounen ze finanzéieren, dat heescht, op där enger Säit, Schoulen, Stroossen, Schinnen an aner Infrastrukturen an op där anerer Säit Investitiounen an de Beräicher Recherche an Innovatioun esou wei am generellen Saachen a Projeten, déi, direkt oder indirekt, besonnesch iwwert de Wee vun de sougenannten Zukunftstechnologien eng Plus Value bréngen. 

Donieft ass d’Bekämpfung vum Chômage a besonnesch kurzfristeg Mesuren géint d’Jugendaarbechtslosegkeet eng vun den Haaptprioritéiten mat där d’CSV sech ausenanersetzt a wou si Léisunge well mat op de Wee brengen, an och seier wëll emsëtzen. 

Gläichzäiteg geet et awer och drëms fir eis Economie weider ze diversifizéieren. Héichschoul, Fuerschung a Kommunikatioun hëllefen eis hei d’Zilrichtung virzeginn. Elektroneschen Handel, Telecom, Biotechnologien an Ecotechnologien, dat sinn nëmmen e puer Beispiller fir déi Secteuren mat groussem Entwécklungspotential. 

Nieft engem starke Mëttelstand bleift déi Diversifikatioun vun eiser Wirtschaft een zentraalt Thema. Et ass doropper, wou d’CSV sech och wëllt konzentréieren an deenen nächste Joeren. Nëmmen esou kann eis Wirtschaft sech entwéckelen. Nëmmen esou wäerten d’Saachen nohalteg kënnen unzéien. Nëmmen esou wäerten Aarbechtsplaze kënne geschaf ginn. Nëmmen esou wäerte Steierrecetten kënne généreiert ginn an -op dat alles opbauend- kënnen dann beispillsweis sozial Politiken konzipéiert an och ëmgesat ginn, eben mam Ziil vun deem sozialen Ausgläich deen ech virdrun ugeschwat hunn. 

Eent ass kloër: D’Kris meeschteren a nei Chancen an Opportunitéiten ergräifen, dat ass am Endeffekt dat, wat mer an deenen nächste Joer musse maachen. 

An zesumme kënne mer déi Kris meeschteren, dovunner si mir als CSV iwerzeegt. 

Op de séchere Wee opbauend a wëssend dat jidder Eenzelen zielt, wëlle mer zesumme wuessen an esou zesummen no vir kommen. Richteg zesummen no vir kommen. Nohalteg zesummen no vir kommen. 

D’CSV-Fraktioun wäert hiren Deel vun der Responsabilitéit op alle Fall iwwerhuelen. 

Jean-Louis Schiltz, CSV Fraktiounspresident, 14. September 2009, RTL 92,5 a Radio 100,7