„Kee Maart produzéiert vu sech aus Solidaritéit“

Den CSV Spëtzekandidat Jean-Claude Juncker schreiwt am Profil

Mir sinn, wat mer sinn, och duerch Europa. Zu kengem Moment an eiser Geschicht virun der europäescher Eenegung konnte mir zu Lëtzebuerg esou laang a Fridden a Fräiheet liewen.

D’Geschicht vun der europäescher Integratioun ass eng Erfollegsgeschicht. D’Europäesch Unioun zielt haut 27 Memberstaaten. Sechs vun den 12 mëttel- an osteuropäesche Staaten, déi 2004 an 2007 an d’Unioun opgeholl goufen, ass et virun 20 Joer nach net ginn. Déi Fräiheet, déi d’Bierger vun deene Länner sech erkämpft hunn, ass eng europäesch Fräiheet. Eise Kontinent gëtt nees eens mat sech selwer.

A 16 vun de 27 Memberstaate vun der Unioun gëlt den Euro haut als Währung. Den Euro ass den Haaptschutzfaktor fir d’Europäer an der globaler Wirtschaftskris. Mir Lëtzebuerger si Copropriétaire vun der stäerkster Währung vun der Welt. E Staatsminister vu Lëtzebuerg, de Pierre Werner, huet deem Plang säin Numm ginn, mat deem d’Aféirung vum Euro preparéiert gouf.

Mä den europäesche Bau ass nach laang net fäerdeg. Déi sozial Dimensioun vum europäesche Projet muss ausgebaut ginn. Déi europäesch Presenz an der Welt muss méi eenheetlech a méi konsequent organiséiert ginn. Fir datt d’Unioun sech kann zu engem Raum vu sozialer Uerdnung a Sécherheet entwéckelen, fir datt se kann ausserhalb vun hire Grenze glafwierdeg optrieden an eescht geholl ginn, brauch se no bannen nees eng Eenegkeet, déi haut dacks feelt. Europa kann nëmme staark no bausse sinn, wann et staark no bannen ass.

An der Kris, déi d’ganz Welt beréiert, kritt eis europäesch Zort Maartwirtschaft nees neien Zousproch. Dat ass déi sozial Maartwirtschaft. Dat ass déi ekologesch Maartwirtschaft. Dat ass dee Wirtschaftsmodell, deen déi fräi Entreprise mat sozialer Verantwortung a Respekt virun eiser Ëmwelt verbënnt, amplaz de Mënsch a säi Liewensraum rücksichtslos dem Bënëfiss ënnerzeuerdnen.

Eis europäesch Maartwirtschaft ass eng sozial Maartwirtschaft. Kee Maart produzéiert vu sech aus Solidaritéit. Déi muss d’Politik organiséieren. Si muss derfir suergen, datt wirtschaftlech Leeschtung a sozial Ofsécherung am Ekiliber bleiwen. Sozial Kohäsioun ass an dëser Zäit sou wichteg wéi kaum eng Kéier virdrunn. Dës Kohäsioun muss erhale bleiwen a gestäerkt ginn. Zu Lëtzebuerg an an Europa. Nëmmen esou kënne mer zesumme wuessen.

Jean-Claude Juncker