Mir soen de Leit d’Wourecht Elo, net no de Wahlen

Bei de Wahle vum 7. Juni geet et ëm vill. Mir mussen eng Kris meeschteren. Dës Kris werft eis zréck. Mee si werft eis net ëm. Mir hunn heiheem d’Iddien an d’Uluecht, fir se ze packen. Wa mer aus der Kris nees erauskommen, musse mer esou opgestallt sinn, datt mer duerchstarten an nei Ziler upeile kënnen.

Eise Wahlprogramm setzt dofir op Innovatioun a Modernitéit. Mat der CSV gëtt et keng Attack op de Sozialstat. Mir hunn e mat opgeriicht, a mir sinn houfreg op en. Mir wëllen derfir suergen, datt d’Leit zu Lëtzebuerg sécher Aarbechtsplazen hunn, an datt se hiert Liewe kënne plangen, ouni all puer Méint mussen ëm hir Schaff ze fäerten. Sozialofbau ass keng Äntwert op d’Kris.

Mir brauchen nei wirschaftlech Aktivitéiten. Déi erginn sech aus Fuerschung an Innovatioun. Si erginn sech och aus dem Investissement a gréng Technologien. Dës Elementer ergänzen déi Politik, déi mer bis elo gemaach hunn. Sie ginn hir en neie Kader an eng nei Perspektiv. Mir brauche méi Bildung an Ausbildung, fir de Beruff a fir d’Liewen. D’Schoulreforme gi virun. Kee Jonke soll d’Schoul verloossen, ouni en Diplom ze hunn. Wann en dat awer mécht, schafe mir Chancen, fir datt e spéider am Liewen seng Ausbildung ka fortféieren.

Mir brauche méi Landesplanung zu Lëtzebuerg. Wunnen, Schaffen, sech bewegen – déi Liewensfunktioune wëlle mer optimal matenee vernetzen. D’Entwécklungszentre vum Land wëlle mer stäerken, fir datt se attraktiv Standuerter fir d’Wirtschaft an d’Fuerschung ginn. Si mussen och flott Plaze fir ze liewe bleiwen.

De 7. Juni decidéiert Dir, wou de Wee an deenen nächste fënnef Joer hiféiert. D’CSV huet d’Schëlter opgestallt, déi dee Wee beschreiwen. Et ass net deen einfachsten Wee, mee et ass een, deen un d’Zil féiert. Anerer versprieche vill, a kënnen net alles halen, wat se verspriechen. Mir versprieche manner. Mir soen de Leit d’Wourecht. Elo, net no de Wahlen.

Jean-Claude Juncker