CSV Fraktioun : D’Legislaturperiod 2004-2009 geet op en Enn …
„D’Thema vun der Politik ass d’Zukunft vum Land. An dat Thema setzt sech aus villem zesummen. Dat Villt, dat d’Thematik vum Land ausmécht, dat hu mer probéiert am Koalitiounsprogramm zesummenzedroen, deen dëser Erklärung zur detailléierter Ergänzung bäiläit. Dës Ried an de Koalitiounsprogramm erginn de Regierungsprogramm. An deem steet villes, mee net alles. An him steet alles, wat mer maache wëllen. An him steet net alles, wat mer maache mussen, je nodeem wéi d’Welt sech entwéckelt. Well niewent Lëtzebuerg gëtt et nach eng ganz Welt, déi no hire Gesetzer wiisst, Gesetzer, déi se selwer nach net kennt, déi, wa se se bis formuléiert huet, sech eis och imposéieren.
Mee loosst mer emol zesummen ee Spadséiergank maachen duerch déi Landschaft déi mer kennen, duerch den Themebësch deen ugewues ass, duerch Gestrëpp och dat eis bis un d’Bee reecht an aus deem keen däischtere Bësch däerf ginn. Mir kënnen dobäi net hannert all Strauch kucken an an all Wénkel hanner de Wénkele blécken, mee mir mussen d’Äscht esou auserneenzéien, datt mer wäit genuch gesinn, fir eise Wee ze fannen.
Dee Wee dee musse mer zesumme sichen an zesumme fannen. Dee Wee, deen huet ee Weeschëld. An op deem Weeschëld steet eppes dat sech reimt: Modernisatioun, Innovatioun, Transformatioun an Integratioun.
An dëst Weeschëld féiert néierens hin, wann een d’Logbuch, de Code de la Route, vu Modernisatioun, Innovatioun, Transformatioun an Integratioun net gelies a verstan huet: de Wee zur Modernisatioun, Integratioun, Transformatioun an Innovatioun ass d’Moderatioun.
D’Moderatioun ass d’Methode, d’Landkaart, d’Art a Weis, de Kompass.
D’Moderatioun – dir hutt et gemierkt – reimt mat Modernisatioun, Innovatioun, Transformatioun, Integratioun. D’Ziel an d’Methode: et ass eng Melodie." (aus der Regierungserklärung vum Staatsminister Jean-Claude Juncker, 4. August 2004)
D’Legislaturperiod 2004-2009 geet op en Enn
De 7. Juni gëtt eng nei Chamber gewielt. Schon nees si fënnef Joer vergaangen, fënnef Joer, an deenen d’Politik zu Lëtzebuerg e gutt gefëllten Agenda hat. Deen Agenda, deen de Staatsminister de 4. August 2004 a senger Regierungserklärung skizzéiert hat.
Villes vun deem, wat an däer Zäit geschitt ass, huet Schlagzeile gemaach. Nei Gesetzer iwer Nationalitéit, Awanderung, Integratioun, Schoul, iwer d’Ënnerstëtzung vun de Famillen an d’Ausriichtung vum Steiersystem hu fir Gespréich gesuergt. Am Wunnéngsbau, an der wirtschaftlecher Diversifikatioun a Promotioun, am Aarbechtsrecht, an der Beschäftegungspolitik, am Transport an an der Landesplanung goufen nei Schantercher opgemaach, vun deenen der eng ganz Rei och schon e gudden Ofschloss fonnt hunn. Anerer si nach amgaang oder am Plang, wéi zum Beispill d’Territorialreform, wat eng grouss ugeluechte Moderniséirung vu ganz Lëtzebuerg muss ginn. Politik ass net op Fënnef-Joeres-Periode begrenzt, fënnt net a Fënnef-Joeres-Pläng statt. All Legislatur féiert Initiative vu virdrun weider, an um Enn vun all Walperiod bleiwen Erausfuerderunge bestoen a waarden nei Konzepter drop, ëmgesat ze ginn.
Vill aneres, wat geschitt ass tëschent 2004 an 2009, huet manner Gedäisch gemaach. Déi Gesetzer, mat deene mer d’Finanzplaz, hir Aktivitéiten a Produkter besser a ganz komplizéiert méi kompetitiv geregelt hunn, fale meeschtens an der Ëffentlechkeet net weider op, well se enorm technesch sinn. Verfassungsrevsiounen am Detail, an déi exzellent Aarbecht vun eise Leit an der Commission juridique vun der Chamber, eegnen sech net fir eng grouss Mediatiséirung. Si sinn awer fir d’Struktur vum Land a fir d’Qualitéit vu senger Gesetzgebung fundamental wichteg.
Déi Bilanz, déi mer als Fraktioun virgeluecht hunn, ass eng Bilanz vun de grousse Linnen, vun den Haaptachse vun der auslafender Legislaturperiod. Net all Gesetz, net all Debatt, net all Rapport gouf ernimmt. D’Bilanz soll e Gesamtbild vun der politescher Aarbecht vun der CSV-Fraktioun an deene leschte fënnef Joer erëmginn, unhand vun deem ee gesäit, a wéi eng Richtung et gaangen ass – an och weiderhi muss goen. Well d’Leeschtunge vun deene vergaangene Joere ginn an déi iwer, déi an dene kommende Jore mussen erbruecht ginn.
D’Fraktioun vun enger Majoritéitspartei, an eisem Fall där gréisster Partei an der Regierung, huet eng aner Roll wéi eng Oppositiounsfraktioun. Mir stinn hannert der Regierung, a mir hunn zesumme mat der Regierung an zesumme mat der LSAP-Fraktioun eise gemeinsame Koalitiounsprogramm wäitgoend ëmgesat. Dat fällt heiansdo manner op wéi d’Kommunikatioun vun der Oppositioun. Mee: Wann een all dat kuckt, wat mer an deene leschte fënnef Joer gepackt hunn, da mierkt ee séier, datt d’Oppositioun zwar vill Kommunikatioun bedriwen huet, allerdings wéineg Konkretes derzou bäigedroen huet, datt et zu Lëtzebuerg viru gaangen ass.
Eis Approche ass manner jäizeg, duerfir méi seriös. An déi Zäit, déi kënnt, verlaangt virun allem dat: eng seriös Politik, eng eescht Politik, eng éierlech Politik. Mir kréien an deene Méint a Joren, déi kommen, zu Lëtzebuerg näischt geschenkt. Am Géigendeel: De Wand, deen eis entgéingt bléist, ass kal a rau. Duerfir musse mer eis elo nees esou opstellen, datt mer och déi nächst fënnef Joer gutt iwerstinn. D’CSV an hir Fraktioun hunn den Usproch, eist Land och weider ze féieren. Mir mengen, datt eis Bilanz vun der Legislatur 2004-2009 beweist, datt mer dat kënnen.