Jean-Claude Juncker: … Rouege Realismus ass dat wat mer elo brauchen. Mir brauchen dee virun allem, fir mat der Aarbechtslosegkeet fäerdeg ze ginn. D’Aarbechtslosegkeet ass dee Problem, deen eis am meeschte Suerge mécht…
D’Situatioun um Aarbechtsmaart ass net gutt. Mir hunn zwar ëmmer nach eng vun deenen niddregsten Aarbechtslosequoten an Europa. D’Lag op deenen aneren europäeschen Aarbechtsmäert huet sech nach méi rasant verschlechtert wéi bei eis. Mee de Fait ass datt mer am Februar e Chômage-Taux vu 5,6 Prozent hate géint 4,5 Prozent ee Joer virdrun.
D’Zuele soen alles: Am Februar 2009 waren 13 006 Leit ouni Aarbecht, am Februar 2008 waren et der 10 185, ee Plus vun 2 821 Leit, een Uklamme vu 27,7 Prozent! D’Aarbechtsplazofferte si parallel dozou vun 2 301 op 1 495 zeréckgefall. Ee Réckgang vu 35 Prozent! Indemniséiert Chômeuren hu mer der am Februar 2009 7 107 gehat, géint 5 077 ee Joer éischter. D’Zouhuele vun dëser Zuel weist datt de Moment méi Leit wéi soss entlooss ginn. Leihaarbechtsverträg ginn als éischt gekënnegt.
Ee Gléck, datt mer dat Land an Europa sinn, dat mat 95 Prozent deen héchsten Taux vun onbefristeten Aarbechtsverträg huet. Hätte mer wéi anerer d’Aarbechtsrecht ultraflexibiliséiert, dann hätte mer wiesentlech méi Aarbechtsloser. Eist Aarbechtsrecht schützt viru vireilegen Entloossungen. Dat soen ech deenen, déi 1999 heibannen d’Reform vum Kënnegungsschutz kritiséiert hunn, well se zevill Rigiditéit an net genuch Flexibilitéit enthale géif.
10 000 Leit sinn a Kuerzaarbecht, Tendenz steigend. D’Reform vum Gesetz iwwer d’Kuerzaarbecht hëlleft, d’Uklamme vun der Aarbechtslosegkeet ze verhënneren. Mee dës Reform huet ee Präis: de Beschäftegungsfong gëtt am Joer 2009 mat 130 Milliounen Euro méi belaascht, 130 Milliounen Euro, déi mer mat de Plus-valuen aus dem Joer 2008 bezuelen. Kuerzaarbecht ass besser wéi keng Aarbecht.
Mir fuerderen d’Patronen op, der Kuerzaarbecht virun der Entloossung Prioritéit ze ginn. Ech soen hinnen: Entloosst elo net mutwëlles well wann d’Reprise kënnt, da braucht der är Leit. Bild se weider oder loosst se weider bilden, da kréie se statt elo 80 an Zukunft 90 Prozent vun hirer leschter Pei als Entschiedegung. Betriber solle generell dat bestehend aarbechtsmaartpolitescht Instrumentarium maximal notzen: Beschäftegungspläng am Kader vum Maintien de l’emploi, steierlech Astellungshëllefe fir Chômeuren déi duerch d’Gesetz ugehuewe ginn, d’Aide au réemploi, déi mer op d’Frontalierë wëllen ausdehnen, d’Préretraite-Solidarité, d’Stageméiglechkeeten an de Betriber. An engem Wuert: D’Betriber hu sozial Verantwortung a si solle se och iwwerhuelen. De Konjunkturprogramm verschaaft de Betriber Aarbecht an Opträg. Si däerfe seng Beschäftegungsimpulser net duerch Hauruckentloossungen ënnerlafen.
Fir de 6. Mee hunn ech d’Sozialpartner zu engem beschäftegungspolitesche Rendez-vous bestallt fir ze kucken, wéi mer d’Beschäftegung kënne stabiliséieren. Dat gëtt kee Kaffiskränzchen, keng Alibi-Manifestatioun. Ech hätt gäre konkret Vereinbarungen. Engagementer vun deenen engen, Engagementer vun deenen aneren. Fuerderungen no aarbechtsrechtlechem Ofbau brauchen net gestallt ze ginn. Se stousse bei mir op daf Oueren, wéi an der Vergaangenheet och.
De Rendez-vous vum 6. Mee ass wichteg. E baut op den Erkenntnisser vum Aarbechtsminister a vum Wirtschaftsminister op, deenen ech hei meng Unerkennung wëll soe fir déi stëll präventiv Aktiou,n déi se an alldeegleche Kontakter mat Betriber maachen, déi a Problemer stiechen. Si – a virun allem den Aarbechtsminister – verwalten net d’Aarbechtslosegkeet. Si probéieren an Dosende Gespréicher mat Betriber, Chômage ze verhënneren.
Och an der Kris däerfe mer de Chômage net als Fatalitéit begräifen. De Kampf géint de Chômage muss all Dag op een neits gefouert ginn. Dat mécht midd, mee d’Leit, déi keng Aarbecht hunn an eng Aarbecht sichen, sinn es och midd.
(Ausschnëtter aus der Ried iwwert d’Lag vun der Natioun vum Jean-Claude Juncker)