Zesumme wuessen. CSV. De séchere Wee.

„Eise Wahlprogramm steet ganz am Zeeche vun der weltwäiter Finanz- a Wirtschaftskris. Mir erliewen an de nächste Méint schwiereg Momenter. D’Situatioun ass net einfach. Gefuerdert ass Responsabilitéit. A Generatiounen denken, ass méi ewéi je gefrot!“ Jean-Claude Juncker

1. Duerch d’Aspuermoossnahmen vun der Tripartite aus dem Jor 2006 konnte mer eis Staatsfinanzen esou stabiliséieren, dass mer haut an där schlëmmster Kris säit Jorzéngten eng Budgetspolitik kënne féieren, déi de Konjunkturabroch offiedert an Aschnëtter am Sozialnetz verhënnert.

A Generatiounen denken

2. Mir sinn iwwerzeegt, dass et zum aktuellen Zäitpunkt richteg ass, méi Defizit wéi geplangt a méi Scholden wéi ugeduecht ze man. Enner enger Bedingung: Wann d’Reprise kënnt, da muss direkt nees konsolidéiert a gespuert ginn.

Zesumme plangen

3. Wat mer brauchen, dat ass e responsabelen, aktive Staat, deen sech aus der Privatsphäre eraushält an deen sech an d’Wirtschaft amëscht, wann d’Interessen vum Land an de Leit dat verlaangen. Awer Regierung a Parlament stellen net déi ganz sozial-economesch Realitéit vum Land duer. Mir brauchen d’Matmaache vun de Gewerkschaften, mir brauchen d’Matmaachen vun de Patronatsorganisatiounen.

Sozial Responsabilitéit

4. De Konjunkturprogramm vun 1,228 Milliarden Euro verschaaft de Betriber Aarbecht an Optreeg. Si däerfen seng Beschäftegungsimpulser awer net duerch Hauruckentloossungen ënnerlafen. Och d’Betriber hu sozial Verantwortung a Kuerzaarbecht ass besser wéi keng Aarbecht.

Emweltschutz duerch Fuerschung

5. D’Wirtschaftskris ass enges Daags eriwwer. D’Klimakatastroph awer bleift. Dofir däerf d’Erhuelung vun der Wirtschaft sech net op Käschten vun der Ëmwelt man. Am Géigendeel: Krisebekämpfung an Ecologie ginn zesummen.

Eis Wirtschaft moderniséiert

6. Mir hunn eist Land an eis Wirtschaft moderniséiert duerch eng prononcéiert Diversifikatiounspolitik: eCommerce, Emwelt- a Gesondheetstechnologien, Medien a Kommunikatioun si Secteuren, an déi vill investéiert gouf. Dës Moderniséierungsbestriewungen fënnt een och erëm am neien Agrargesetz, am Pacte Logement, am neie 5-Jores-Plang fir den Tourismus an net zulescht an onser déif gräifender Schoulreform.

Zesummen halen

7. Mir Lëtzebuerger kënnen vun där Kris zréckgeworf ginn, mä dës Kris wäert eis net ëmwerfen. Mir packen dat. Mir packen dat, wa mer zesumme stinn an zesumme ginn. Dofir sinn di nächst fënnef Jor wichteg.

(Siewen Iwwerleeungen aus der Ried iwwert d’Lag vun der Natioun vum Jean-Claude Juncker)