D’Chance notzen. D’Kris ass keng Fatalitéit

De Wirtschaftssystem, dee mir bis elo kannt hunn, ass am Hierscht 2008 zesummegebrach. D’Welt, Europa a Lëtzebuerg, si vun der schlëmmster Wirtschaftskris zënter dem Joer 1929 gepaakt ginn. Dofir wäert, ewéi de Premier et op de Punkt bruecht huet, d’Welt no dëser Kris eng aner sinn ewéi virun der Kris. Den CSJ Nationalpresident Serge Wilmes am CSV Profil

Eng Konsequenz dovu wäert wuel d’Entstoe vun enger anerer Maartwirtschaft sinn. Eng Maartwirtschaft, déi nees méi sozial muss sinn, well d’Wirtschaft fir de Mënsch muss do sinn an net wéi elo de Mënsch fir d’Wirtschaft. Eng méi gerecht an human Wirtschaft deemno. Dat ass op jiddwerfall ze hoffen an dofir wäerte sech d’CSV an d’CSJ asetzen. D’Kris ass deemno keng Fatalitéit, mä eng Chance. Eng Chance fir eis all, méi staark ze ginn, fir Solidaritéit net nëmmen een abstrakt Wuert sinn ze loossen, mä konkret ze liewen.

An dofir steet d’CSV. Si huet eist Land bis elo duerch eng raisonnabel an duerchduechte Politik op ee séchere Wee gefouert, ee Wee, deen net aus dem Näischt kennt, mä deen op deem gebaut ass, wat sech bewäert huet. Ee Wee, deen also een zolidd Fundament huet an deen an den nächste Joere weider ausgebaut wäert ginn.

Mir wëllen ee progressiven a kee radikale Wandel fir eist Land. Politik ass nämlech kee Spill, wou een d’Regelen einfach iwwer de Koup geheie kann, mä eng seriéis a verantwortungsvoll Aufgab, där een nëmmen doduercher gerecht ka ginn, wann een dofir suergt, datt eng Gesellschaft weider zesummewiisst an net hir Orientéierung verléiert. Dofir huet d’CSJ eng Resolutioun préparéiert, déi mir haut, e Samsden, den 14. März 2009, op eisem Nationalkongress 2009 zu Esch/Uelzecht am Gemengenhaus presentéiere wäerten. D’Resolutioun enthält eng Rei Fuerderungen a Verbesserungsvirschléi, déi d’CSJ eiser Partei an de politesche Verantwortleche mat op de Wee gëtt, fir datt am Laf vun der nächster Legislaturperiod déi strukturell Reformen gemaach ginn, déi et erlaaben, d’lëtzebuerger Gesellschaft un d’Erausfuerderunge vun der Zäit unzepassen, an d’Kohesioun vum Land ze stäerken. Dofir kommt bei eis, schwätzt mat an decidéiert mat!

Serge Wilmes, CSJ-Nationalpresident