Ennerstëtzung fir d’Kënschtler

D’Staatssekretärin fir Kultur, Octavie Modert, am Interview op RTL 92,5

Marco Goetz: Invitéeë waren d’Schrëftstellerin Linda Graf, d’Sängerin, Musekerin a Schauspillerin Sascha Ley, grad wéi d’Florence Hoffmann, déi Skulpture mécht. Fir elo eng Grëtz op d’Impulser ze reagéieren, déi et e Samschdeg an der Emissioun an Direktioun Kulturministère gouf, ass d’Staatssekretärin fir Kultur, d’Octavie Modert, elo Invitée am Studio. Gudde Mëtteg.

Octavie Modert:Gudde Mëtteg.

Marco Goetz: Octavie Modert, et war eng flott Emissioun de leschte Samschdeg, eng Emissioun an där eis Invitéeë vill Freed un deem wat si maachen eriwwerbruecht hunn, dat war emol ee grousse Grondtoun. Da gouf sech awer och, an engem éischter positiven a konstruktive Geescht, kritesch mat Ärem Ministère ausenanergesat. Zum Beispill heescht et, datt een do bei Iech net ëmmer eng Äntwert kritt wann ee sech un de Ministère fir eng, wéi och ëmmer gearten, Ënnerstëtzung adresséiert. Stëmmt dat?

Octavie Modert: Ech wëll emol fir d’éischt soen, wann Dir erlabt, datt ech mech ëmmer freeën iwwer all Plaz déi Kultur a Kënschtler kréien, am Radio, am Fernseh, an de Medien an iwwerall soss. Well d’Opmierksamkeet dorop jo ni ka grouss genuch sinn, well besonnesch an deem Secteur immens vill leeft, immens vill Kreatives do ass, mir vill Kënschtler hunn a mir och vill Aart a Weisen hunn, am Ministère, fir hinnen ze hëllefen.

De Grondtoun vun där Sendung war jo och, wéi gär si kreativ sinn, an deem Fall hei déi dräi Kënschtlerinnen, an op déi aner Manéier och, datt si fannen, datt si vill gehollef kréien an ënnerstëtzt ginn, respektiv gutt eens gi mam Kulturministère.

Jo, et kann natierlech emol eng Kéier sinn, datt vläicht e Bréif do ass, deen aus iergend enger Ursaach keng Äntwert kritt huet, ech kann dat net ausschléissen. Ech weess awer virun allem, datt mir, éischtens, immens vill Demanden erakréien, dat sammelt sech scho ganz staark, dat sinn der bis zu 40, 50 an der Woch, ausser elo emol fir déi schlëmmsten Zäiten ewech ze huelen. Et ass schonn net wéi wann näischt ze maache wier. Déi meescht kréien allerdéngs och Äntwerten a wann net, da wësse si normalerweis ëmmer wie sech ëm déi Saache këmmert a kënnen dann och ganz gär roueg eng Kéier uruffe fir nozefroen.

Marco Goetz: Et gouf do och e Beispill zitéiert, an deem en héige Beamten aus dem Kulturministère der Kënschtlerin eigentlech verbidd op enger internationaler Ausstellung zu Venedeg als offizielle lëtzebuerger Vertrieder opzetrieden. Bosseg, oder muss een dat verstoen?

Octavie Modert: Ech hunn emol gesot, si sollte mir dat nosichen, wéi ech dat héieren hunn, well dat e bëssen erstaunlech kléngt. Dee Bréif ass mir och gewise ginn. Nu muss ech soen, et hätt een dee Paragraph, deen Dir elo uschwätzt, vläicht kënnen aneschters ausdrécken. Allerdéngs huet en eigentlech nëmme wëllen aussoen, datt wann een op sech entzwousch higeet, éieren e seet hie wier den offizielle Vertrieder vun engem Land, säi Ministère dat op mannst soll wëssen, oder en dann normalerweis vum Ministère geschéckt gëtt.

Marco Goetz: Mä den Toun mécht d’Musek.

Octavie Modert: Mä et war vläicht net ganz glécklech ausgedréckt, dat wëll ech net hei ewechhuelen. Dat muss een awer och relativéieren an deem Sënn, datt et ee Fall ass ënner ganz, ganz villen aneren, wou mir awer vill hëllefen.

Marco Goetz: Gëtt da wierklech genuch gemaach fir déi lëtzebuerger Kënschtler am Ausland ze weisen, als Ambassadeure vun eiser Kultur, vun eisem Land?

Octavie Modert: Mir schécke vum Ministère aus, dat ass d’Technik dovunner, ganz vill vun eise Kënschtler an d’Ausland. Dat betrëfft all d’Sparten: Danz, Musek, Literatur, Theater, Virliesungen, Jazzfestivalen – alles wat ee gären hätt – si selwer natierlech och zanter 2005 als Ministère präsent op verschiddene Foiren, respektiv iwwer verschidde vun hire Federatiounen, dat hänkt vum System of, fir och kënnen hinnen eng Plattform ze gi wa si sech selwer wëllen duerstellen. Wa mir se an d’Ausland schécken ass dat normalerweis op Demande entweder vun deene Plazen dohannen oder an Interaktioun mat eise Botschaften op der Plaz, an dat sinn awer ganz vill Plazen, je nodeem wéi et organiséiert ass, Berlin, Paräis, Bréissel, wou mir jo eng sou genannte Maisons du Luxembourg hunn, bis awer och Athen, Vietnam, Hanoi, Indien a ganz vill aner Plazen.

Marco Goetz: Mä jiddwereen dee wëll, kann dee goen oder ass do net awer neeleg arbitraire wou décidéiert gëtt?

Octavie Modert: Nee dat geet op d’Envergure vun där Plaz wou si sollen higoen, wéi wichteg se ass an natierlech och d’Art a Weis an d’Qualitéit wéi dee sech do wëll presentéieren. Ech mengen, et ass an Ärer Sendung och gesot ginn, datt dat ganz objektiv beuerteelt gëtt an dat kann ech nëmme bestätegen. Deen awer wëll goen op eng Plaz wou vläicht elo net een op där anerer Säit aktiv ass a gewosst ass, datt et dat gëtt, soll einfach emol eng Demande un eis maachen. Da muss een dat natierlech bewäerten a kucken. Et ka schonn emol sinn, datt dat e bësse méi laang dauert wéi se da mengen, datt se dann vläicht an zwou Wochen eng Äntwert hätten.

Marco Goetz: Gëtt et iwwerhaapt eng zentral Plaz, wou ee sech als Kënschtler informéiere kann, iwwer d’Méiglechkeeten an der Groussregioun, iwwer Ausstellungen, Projeten, méi wäit ewech, iwwer finanziell Ënnerstëtzung an esou weider? Also gebündelt op eng Plaz?

Octavie Modert: Als Ministère si mir jo keen Organisateur als solchen, a scho guer keen zentralen, obscho mir als Ministère [gëtt ënnerbrach]

Marco Goetz: Mä e bësse Manager kéint Dir jo awer si vun eise Kënschtler?

Octavie Modert: Mengt dir wierklech, et wier gutt wann de Ministère géif d’Kënschtler managen? Ech mengen, dat ass eng Opfaassung vu Kultur déi vläicht an eng Richtung Staatskultur géif goen, déi mir jo just net wëllen. Mir ginn awer, mengen ech, am Ënnerscheed zu ganz villen anere Plazen, dach trotzdem en Deel Hëllef. Bei eis iwwer Internet kann ee ganz Villes erausfannen, wat ass, wou mir Saache selwer organiséieren, wéi Kënschtlerrésidencen, fënnt een op eisem Internetsite an et kann een ëmmer uruffen. Fir de Rescht si mir och amgaangen eng nei Internetsäit nach opzestellen, wou ee vläicht méi esou Vernetzunge ka fannen. An dann op plurio.net kann ee ganz villes iwwer d’Groussregion erausfannen.

Marco Goetz: Et kéint ee sech jo och virstellen, datt d’Kënschtler ënner sech en aneren Austausch kréien?

Octavie Modert: Et ass sécherlech e Secteur deen net zevill staark federéiert ass an, an deem Sënn, organiséiert ass.

Marco Goetz: Dat ass och gesot ginn e Samschden.

Octavie Modert: Dat ass eppes wat ech ëmmer erëm feststellen, respektiv am Ufank mat Erstaunen awer festgestallt hunn, well dat wier jo éischter normal, wann et iwwer esou Säite géif lafen. Do kann ee soen, virun allem ass natierlech elo emol jiddweree fir sech selwer zoustänneg fir seng Aarbechten ze maachen, mä mir hëllefen awer gär wou mir kënnen a maachen dat op vill Art a Weisen.

Do wëll ech als lescht Saach vläicht nach ee Saz soen, dat ass eppes wat ech schonn dacks och thematiséiert hunn, dat ass, datt mir kucken emol unzefänke mat enger Plaz wou ee ka probéieren e bësse "Promotiounsagence" ze sinn, fir ze kucke wat dat gëtt. Nach eng Kéier: dat ass net en Haaptoptrag vun engem Ministère, dofir wäerte mir et och net als Ministère alleng maachen, mä d’Foirepräsenze sinn awer och schonn e grousse Bestanddeel dovunner.

Marco Goetz: Stéchwuert Suen: Sue fir Konscht an déi Konschtschafend z’ënnerstëtzen, déi musse jo net nëmme vum Ministère kommen, mä aus der Ekonomie. Eng Propose vum Florence Hoffmann ass dofir Wirtschaft a Konscht méi no zesummen ze bréngen, duerch institutionaliséiert Porte-Ouverten, zum Beispill. Ass dat eng Iddi?

Octavie Modert: Dat ass eng flott Iddi, fannen ech, dat ass och eng Iddi déi kéint iwwer de Ministère lafen, mä vläicht nach vill méi flott wier wa se iwwer de Secteur selwer géif organiséiert ginn.

Marco Goetz: Dat maache si zum Deel jo och, privat Initiativë gëtt et.

Octavie Modert: Absolut, si maachen där Saachen e puer. Dat kann een och méi zesummen nach gestalten. Mir hunn esou Saache probéiert gehat am Virfeld vun 2007, mussen awer och zouginn, datt do d’Äntwert aus der Wirtschaft eraus awer begrenzt war.

Marco Goetz: Déi hunn d’Kris scho gespuert?

Octavie Modert: Vläicht. Loosse mir emol soen, d’90er Joere ware sécherlech jo awer europawäit déi wou d’Sue bei der Wirtschaft méi locker soutze wéi se an den 2000er Joere waren, an do hu si sech ëmmer méi zréckgehalen. Wat awer net heescht, datt et net Méiglechkeete ginn, a mir hunn awer och, dat muss een trotzdem och soen, en Deel Sponsoring aus dem Privatsecteur. Mä natierlech, jiddwereen ass ëmmer begeeschtert fir méi ze kréien, mir sinn awer bestëmmt awer och dee Staat wou op mannst proportionell, wann net esouguer a Chiffres absolues, immens, immens vill iwwer Ministère finanziell dem Secteur gehollef gëtt, an dat ass eppes wat ech och ëmmer soen, d’Kultur ka sécherlech ni self-financing sinn a mir als Staat, Regierung a Ministère sollen a mussen dat ëmmer ënnerstëtzen, iwwregens mat gudden Zifferen.

Marco Goetz: Eng Fro déi mech nach interesséiert ass elo, fir wat fanne mir keng Bicher vu lëtzebuerger Auteuren am Lycée um Programm? Mir mussen do net direkt de Goethe oder de Rimbaud ersetzen, ma als Lecture kéint ee jo awer Leit wéi Portante, Helminger, Hausemer, Graf op de Programm setzen, oder? Do ass keen een do.

Octavie Modert: Ganz richteg, jo. Mir hunn och dofir zanter 2, 3 Joeren en Aarbechtsgrupp Kultur zesumme mam Schoulministère, [gëtt ënnerbrach]

Marco Goetz: Do geschitt awer net esou vill

Octavie Modert: Fir ze kucke wat een do kann huelen. Effektiv ass nach ëmmer näischt offiziell um Programm, mir sinn awer gutt um Schaffen do a mir hunn hinnen och Proposë gemaach [gëtt ënnerbrach]

Marco Goetz: Dat ass jo net esou schwéier?

Octavie Modert: An ech sinn och zouversichtlech, datt de Schoulministère eppes do wäert kënne maachen.

Et ass vläicht net esou schwéier. Op déi aner Manéier, d’Programme sinn natierlech scho grouss, ech wëll si elo net als Béiser histelle well ech awer muss soen, datt mir e ganz gutt Ouer bei hinne fannen. Tatsächlech ass nach näischt drop, mä ech sinn awer zouversichtlech, datt do Saache kommen. Mir bezuelen iwwregens och als Kulturministère Virliesunge vu lëtzebuerger Auteuren an de Schoulen, dat muss awer op Initiative vun de Schoulen oder Schoulmeeschteren oder Proffen geschéien.

Marco Goetz: Vläicht ee Wuert nach? D’Experienz mam Kënschtlerstatut, wéi ass déi?

Octavie Modert: Ganz positiv, géif ech soen, well dat ass jo awer en Netz wat wichteg ass a wat bei eis och zimmlech komplett ass fir si z’ënnerstëtzen, esou datt wa si emol zäitweileg net esou gutt konnte finanziell hir Saachen un de Mann bréngen, dat kann deegweis sinn, dat kann och emol op ee Mount sinn, datt si dann dee Moment net brauchen do ze stoen an net eens ze ginn. Mir kënnen iwwer de Kënschtlerstatut oder iwwer den Intermittant eng Bäihëllef ginn, et ass als dat geduecht an dat fonctionéiert och ganz gutt, an ech mengen och zur Zefriddenheet vum Secteur.

Marco Goetz: Octavie Modert, ech soen Iech Merci fir de Besuch am Studio.

Octavie Modert: Merci villmools, iwwregens nach eng kleng Hëllef déi mir och maachen: mir maachen all Jor Compilatioune mat lëtzebuerger Musek, déi mir ënner anerem op eise Foiren ausdeelen. Ech ginn Iech déi ganz gär an ech sinn iwwerzeegt, datt RTL och ganz frou ass fir där Saache kënnen [gëtt ënnerbrach]

Marco Goetz: Dat ass awer keen Akt vu Bestiechung dat heiten. Ech ginn dat an d’Redaktiounskeess oder an de Redaktiounsarchiv.

Octavie Modert: Oder an d’Animatioun, fir datt si Saachen dovunner spillen. Dat ass och eng ganz gutt Ënnerstëtzung.

Marco Goetz: D’Sascha Ley ass och hei drop, gesinn ech.

Octavie Modert: Zum Beispill, jo.

http://www.mcesr.public.lu/

Source: RTL, Méindes de 16. Februar 2009 // gouvernement.lu